
Den englesche Champion Manchester City gouf wéinst Verstéiss géint de Financial Fairplay fir déi nächst 2 Saisone aus den europäesche Kompetitiounen ausgeschloss. Donieft muss de Veräin vum Pep Guardiola eng Geldstrof vun 30 Milliounen Euro bezuelen, dat huet déi europäesch Futtball-Unioun e Freideg matgedeelt.
ManCity ka virum internationale Sportgeriichtshaff (CAS) an Appell goen.