Internationale FuttballManchester City ouni Probleemer géint Bournemouth

RTL Lëtzebuerg
Nieft de Citizens huet sech och de Lokalrival Manchester United géint Fulham duerchgesat. An der spuenescher Liga ass Girona nees Tabellenéischten.
© AFP

An der portugisescher Liga huet sech BenficaLissabon2:0 zu Chaves duerchgesat an domat provisoresch d’Tabelleféierung vum Lokalrival Sporting Lissabon iwwerholl.

Bundesliga

De Resumé vun de Matcher vum 10. Spilldag fannt Dir hei.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Fulham - Manchester United 0:1
0:1 Bruno Fernandes (90'+1)

No zwou Néierlage huet sech Manchester United glécklech géint Fulham duerchgesat. De Red Devils war an der 8. Minutt schonn e Gol gegléckt, deen awer vum VAR annuléiert gouf. Duerno huet sech ManU schwéier gedoen, kloer Golchancen ze kreéieren. Am zweeten Duerchgang huet Fulham direkt am Ufank méi Drock gemaach, mee d’Cottagers konnten hir Chancen net a Goler ëmmënzen. Si hunn och extreem vill giel Kaarte gesammelt. Manchester huet an der Nospillzäit duerch de Bruno Fernandes den decisive Gol markéiert a geet soumat mat engem positive Gefill an den Champions-League-Match géint Kopenhagen.

Manchester City - Bournemouth 6:1
1:0 Doku (30'), 2:0 Bernardo Silva (33'), 3:0 Akanji (37'), 4:0 Foden (64'), 4:1 Sinisterra (74'), 5:1 Bernardo Silva (84'), 6:1 Ake (88')

No der 3:0-Victoire géint de Lokalrival Manchester United hunn d’Skyblues hir Iwwerleeënheet och géint Bournemouth ënnerstrach. Schonn zur Paus louch ManCity verdéngt 3:0 vir an huet sech Bournemouth quasi zurechtgeluecht. Mam 4:0 no der Paus duerch de Foden war de Match decidéiert, Bournemouth konnt awer nach den Éieregol markéieren. An de leschte Minutten huet ManCity nach zwee Goler dropgesat an domat eppes fir d’Goldifferenz gemaach. D’Skyblues sinn elo provisoresch Tabellenéischte virun Tottenham, kënnen den Owend awer nach vun Arsenal iwwerholl ginn.

Newcastle - Arsenal 1:0
1:0 Gordon (64')

Déi éischt Hallschent war méi vun Zweekämpf wéi vu Golchancë gepräägt. No der Paus war Arsenal eigentlech besser am Match, mee Newcastle konnt vun enger chaotescher Situatioun virum Arsenal-Gol profitéieren an den decisive Gol schéissen. D’Gunners hunn zwar bis zum Schluss nach probéiert, den Ausgläich oder méi ze markéieren, mee dat sollt hinnen net geléngen. Fir Arsenal war et déi éischt Néierlag an der Premier League an dëser Saison, wärend Newcastle nees méi no un d’Tabellespëtzt erukënnt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Salernitana - Neapel 0:2
0:1 Raspadori (13'), 0:2 Elmas (82')

No engem schwéiere Start an déi nei Saison kënnt Neapel ëmmer méi no un d’Tabellespëtzt erun. No engem fréie Gol vum Raspadori ass de Match bis zur Paus ëmmer méi verflaacht, och wa sech vereenzelt Chancen erginn hunn. Nom Säitewiessel huet de Champion vun der vergaangener Saison op den 2:0 gedrängt, konnt de Ball awer net am Gol ënnerbréngen. Eréischt kuerz viru Schluss huet den Elmas den Deckel drop gemaach, woumat Neapel schlussendlech verdéngt gewonnen huet.

Bergamo - Inter Mailand 1:2
0:1 Calhanoglu (40', Eelefmeter), 0:2 Lautaro Martinez (57'), 1:2 Scamacca (61')

Bergamo hat an der Ufanksphas wuel méi vum Match, konnt seng Golchancen awer net notzen. Inter koum eréischt kuerz virun der Paus eng éischt Kéier geféierlech virun de Gol a konnt de Ball no engem Eelefmeter am Filet ënnerbréngen. Nom Säitewiessel huet d’Nerazurri den zweete Gol nogeluecht, mee Bergamo huet quasi am Géigenzuch geäntwert. D’Lokalekipp hat bis zum Schluss nach eng Rei Chancen op den Ausgläich, mee de Sommer am Inter-Gol huet kee Ball méi laanscht gelooss. Fir Bergamo war et déi éischt Heemnéierlag an dëser Saison.

AC Mailand - Udinese 0:1
0:1 Pereyra (62', Eelefmeter)

Udinese feiert déi éischt Victoire vun der Saison am San Siro beim Drëttplacéierten. Milan war ni wierklech am Match, wouvun Udinese an der zweeter Hallschent profitéiert huet an en Eelefmeter zum decisive Gol verwandelt huet. D’Rossoneri sinn eréischt zum Schluss vum Match geféierlech ginn, hunn um Enn awer och verdéngt verluer.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Marseille - Lille 0:0

Paräis ass no der 3:0-Victoire géint Montpellier um Freideg mol provisoresch Tabellenéischten, kann e Sonndeg awer nees vun Nice ofgeléist ginn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Osasuna - Girona 2:4
0:1 Martin (16'), 1:1 Budimir (25'), 2:1 Budimir (55'), 2:2 Dovbyk (71'), 2:3 Tsygankov (80'), 2:4 Garcia (90')

Girona iwwerrascht La Liga weiderhin. Den Tabellenzweete konnt en 1:2-Réckstand bei Osasuna an e 4:2 dréinen an domat provisoresch d’Tabelleféierung vu Real Madrid iwwerhuelen. Déi Kinneklech spillen e Sonndeg géint Rayo Vallecano.

Betis Sevilla - Mallorca 2:0
1:0 Willian José (7'), 2:0 Perez (65')

Real Sociedad - FC Barcelona 0:1
0:1 Araujo (90'+2)

Barcelona gewënnt duerch e spéide Gol méi wéi schmeichelhaft zu San Sebastian. De Gündogan huet dem Araujo de Ball mat enger genialer Pass virgeluecht, dee just nach verwandele musst. Soss war et haaptsächlech Real Sociedad, déi de Match gemaach hunn, mee ëmmer nees um Barça-Golkipp Ter Stegen gescheitert sinn. Den FC Barcelona bleift domat Drëtten an der Tabell, hanner Girona a Real Madrid.

E Freideg hat Atlético Madrid duerch d’1:2-Néierlag bei Las Palmas op de Kanaren déi zweet Néierlag vun der Saison kasséiert.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO