Internationale FuttballManchester United a City ginn als Gewënner vum Terrain

RTL Lëtzebuerg
Duerch zwee spéit Goler ka sech United 3 Punkten zu Leeds sécheren. A Frankräich gewënnt Lille mat 2:0 géint Stroossbuerg an Atlético klappt Celta Vigo.
© AFP

Bundesliga

Hertha huet Gladbach geschloen a Köln gewënnt mam Mathias Olesen 3:0 géint Frankfurt. Den Detail iwwert d’Bundesliga-Matcher fannt Dir hei.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Leeds United - Manchester United 0:2
0:1 Rashford (80'), 0:2 Garnacho (85')

D’Ekipp vum Erik ten Haag huet an enger intensiver Partie sech um Enn mat 2:0 konnte behaapten. Leeds ass besser an de Match komm, an hätt an der 4. Minutt a Féierung kéinte goen, dem Crysencio Summerville säi Schoss sollt awer iwwert de Gol goen. Alles an allem hat Leeds méi vum Match, virum Gol sollten si awer méi wei eng Kéier um De Gea hänke bleiwen. An de Schlussminutten huet de staarke Rashford United erléist. Nëmme 4 Minutte méi spéit huet den agewiesselte Garnacho den Deckel drop gemaach. United gewënnt deemno mat 2:0 zu Leeds. Béid Ekippen hu jo schonn ënnert der Woch sech géigeniwwer gestanen, dat an engem Nodrosmatch vum 8. Spilldag. Hei ass et nach 2:2 ausgaangen.

Manchester City - Aston Villa 3:1
1:0 Rodrigo (4'), 2:0 Gündogan (39'), 3:0 Mahrez (45+1') Manchester City huet an der éischter Hallschent Aston Villa iwwerhaapt keng Zäit zum Ootme ginn an hätten och méi héisch wéi 3:0 an der Paus a Féierung kéinte sinn. Haaland an de Bruyne hunn awer am Martinez hire Meeschter fonnt gehat. Aston Villa huet mam Watkins an der 61. Minutt no Viraarbecht vum Douglas Luiz wuel nach den 1:3 konnte markéieren, zu méi sollt et awer net duer goen. City steet no enger iwerzeegender Leeschtung elo nach 3 Punkten hannert Arsenal, déi awer e Match manner gespillt hunn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Juventus Turin - AC Florenz 1:0
1:0 Rabiot (34')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

OSC Lille - Racing Stroossbuerg 2:0
1:0 David (21'), 2:0 David (28')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Celta Vigo - Atlético Madrid 0:1
0:1 Depay (89')

Colchoneros hunn sech duerch e ganz spéide Gol vum Depay trotz enger schwaacher Leeschtung dach nach belount, a stinn nom Dräier géint Celta Vigo weider op der 4. Plaz an der Tabell. Alles an allem awer eng glécklech Victoire fir Atlético. Zemools den Oblak am Gol vun de Gäscht huet seng Ekipp mat gudde Parade géint Perez a Reinildo ëmmer nees am Match gehalen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO