ALL GOL AM VIDEO - Champions LeagueManchester United schockt PSG, Porto eliminéiert Roma

RTL Lëtzebuerg
Nodeems an den zwou Aachtelsfinallen d'Entscheedung duerch ganz spéit Eelefmetere gefall ass, dierfe sech Man. United a Porto op d'Véierelsfinall freeën.
© AFP

An der Kinneksklass vum europäesche Futtball stoungen e Mëttwoch den Owend zwee weider Retourmatcher an den Aachtelsfinallen um Programm. Nodeems sech en Dënschdeg Tottenham wéi erwaart géint Dortmund an Ajax Amsterdam iwwerraschend géint Real Madrid fir d’Véierelsfinalle qualifizéiere konnten, sollten um Mëttwoch déi Decisiounen tëscht dem PSG a Manchester United an tëscht dem FC Porto an der AS Roma falen.

Um Enn si béid Matcher duerch spéit an och ëmstridden Eelefmeteren entscheet ginn - an der Partie géint de PSG gouf no engem Handspill en Eelewer fir United gepaff an an der Partie vu Porto gouf eng Aktioun vun engem Roma-Spiller als Foul gewäert ... allkéiers no Videobeweis, also no VAR-Decisiounen (Video Assistant Referee), wat nach laang net jidderengem gefält ...

CHAMPIONS LEAGUE: Iwwersiicht.

Paris Saint-Germain - Manchester United

Wie geduecht hat, et wier eng sécher Saach fir de PSG, dee sech am Aller zu Manchester kloer mat 2:0 konnt duerchsetzen, dee gouf direkt am Ufank vum Match drun erënnert, datt am Futtball villes méiglech ass an datt ee keng Ekipp ze séier ofschreiwen duerf ...

An der zweeter Minutt huet et nämlech schonn am Paräisser Gol gerabbelt: No engem kapitale Feeler vum Kehrer, deem seng queesch Pass net präzis genuch war, konnt de Lukaku interceptéieren an hat kee Problem, de Buffon ze iwwerwannen - also nach just ee Gol Avantage fir Paräis.

VIDEO: CL: PSG-Manchester United, den 0:1
An der 2. Minutt huet de Lukaku zougeschloen.

Ma d’Spiller vum Trainer Tuchel waren net geschockt an der 12. Minutt huet eng herrlech Kombinatioun zum Ausgläich gefouert. Eng Pass vum Dany Alves op den Mbappé, dee schéisst direkt a blännemännches an d’Mëtt an do waart de Bernat - 1:1. Nees alles gutt.

VIDEO: CL: PSG-Manchester United, den 1:1
An der 12. Minutt konnt de Bernat ausgläichen.

Ma och Manchester huet sech net irritéiere gelooss. An der 28. Minutt rëtscht de Kehrer aus a United kritt de Ball, verschenkt déi Chance awer, well de Ball rullt an den Aus - et war weder e Schoss, nach eng Flank vum Rashford, dobäi stoungen zwee Matspiller an der Mëtt prett ...

Zwou Minutten drop war et dunn awer den 2:1 fir United, dat no engem eklatante Feeler vum Buffon, deem de Ball no engem Schoss aus den Hänn spréngt, virun d’Féiss vum Lukaku, dee säin zweete Gol vum Owend schéisst. Fairerweis sief gesot, datt et gereent hat an de Ball glëtscheg war - de Wäitschoss war also net einfach ze hale fir de Buffon.

VIDEO: CL: PSG-Manchester United, den 1:2
An der 30. Minutt konnt de Lukaku op en Neits vun enger Feeler vum PSG profitéieren, déi Kéier vum Buffon.

A Manchester huet dru gegleeft, well schonn an der 35. Minutt, nodeems d’Präisser Defense kollektiv geschlof hat, hätt et kéinten den 3:1 sinn, ma de Ball ass knapp laanscht de PSG-Gol gaangen - an de Gol hätt och net gezielt, well er war Abseits.

Esou goung et mat engem 2:1-Avantage fir United an d’Paus.

Déi zweet 45 Minutten hu vun der Spannung gelieft ... a Paräis war der Decisioun dacks ganz no, zum Beispill bei engem “Lupfer” vum Di Maria, de Ball flitt iwwer den de Gea an d’Netz vu United - ma et war Abseits. Oder an der 83. Minutt, wéi Paräis just de Potto getraff huet. Ma amplaz datt e Gol gefall ass, huet musse weider geziddert ginn, well ee Gol wier United duergaangen, fir an der Véierelsfinall ze stoen ...

Ganz ëmstridde Situatioun dunn an der 90. Minutt, wéi e Paräisser Spiller am Siechzéngmeter mam Aarm widdert de Ball kënnt an den Arbitter - no e bëssen Zécken an no Videobeweis - op de Punkt weist. Äiskal huet de Rushford an de lénken ieweschten Eck gesat, keng Chance fir de Buffon, och wann en déi richteg Säit geroden hat: An der 94. Minutt war et domat den 3:1 fir Manchester United, domat wier de PSG eliminéiert gewiescht.

VIDEO: CL: PSG-Manchester United, den 1:3
D’Decisioun ass duerch en Eelefmeter gefall, an der Nospillzäit trëfft de Rushford vum Punkt.

Nach war et awer net fäerdeg, Paräis krut de Ball nach e puer Mol an de Siechzénger vu Manchester, krut och nach e Corner, ma e Gol sollt de Paräisser einfach net méi geléngen - also op en Neits den Out an der Aachtelsfinall fir de PSG. An d’Ekipp vum Trainer Solskjaer dierf sech iwwer déi wuel dach e bëssen onerwaarte d’Qualifikatioun fir d’Véierelsfinall freeën.

FC Porto - AS Roma

Am zweete Match vum Owend hat Porto doheem eng 1:2-Defaite aus dem Allermatch opzehuelen.

© AFP

An d’Portugise ware gewëllt, sech net ze fréi ze schloen ze ginn: An der 26. Minutt huet de Soares den 1:0 fir Porto geschoss, ma an der 37. konnt den De Rossi en Eelefmeter verwandelen, also 1:1. Esou goung et och an d’Paus.

An der 52. huet e Gol vum Marega dunn dofir gesuergt, datt Porto d’Resultat aus dem Aller egaliséiert hat, also 3:3 am Total. Well et och esou no 90 Minutte stoung, goung et an d’Verlängerung.

VIDEO: CL: Porto-Roma, déi éischt 90 Minutten am Resumé
No 90 Minutte stoung et 2:1 fir Porto a well d’Roma den Aller mat 2:1 gewonnen hat, goung et duerno an d’Verlängerung.

An do haten d’Réimer et an der Hand, den Dzeko hat deen da wuel decisive Gol direkt e puer Mol um Fouss, ma en hat keng Fortune ... an du koum et wéi esou dacks: Wann ee selwer net trëfft, dann huet de Géigner op eemol d’Chance an déi koum och an dësem Match per Eelefmeter. An och hei hat den Arbitter laang gezéckt, ma dunn huet en am Video e Foul gesinn an op de Punkt gewisen an den Alex Telles huet an der 117. Minutt den 3:1 fir Porto geschoss. Domat wieren d’Portugise weider gewiescht ...

VIDEO: CL: Porto-Roma, den entscheedenden 3:1 an der Verlängerung
An der 117. Minutt huet den Telles per Eelefmeter getraff.

Der AS bloufen nach zwou Minutten, ma d’Zäit ass de Réimer fortgelaf ... a Porto konnt sech qualifizéieren!

Back to Top
CIM LOGO