
De Laurent Jans huet bei der 0:2-Defaite zu Essen de ganze Match duerchgespillt. Mannheim steet an der Tabell op der drëttleschter Plaz.
An der 2. Liga stoung den Eldin Dzogovic bei der 1:2-Néierlag vu Magdeburg géint Rostock net am Kader.
A Bulgarien huet ZSKA Sofia zu Krumovgrad 4:1 gewonnen. Den Enes Mahmutovic souz de ganze Match op der Bänk.
De Marvin Martins krut an Éisträich an der 88. Minutt déi rout Kaart gewisen. Seng Ekipp Austria Wien huet doheem 0:0 géint RB Salzburg gespillt. D’Austria hat an der 89. Minutt déi grouss Chance op d’Victoire, de Schmidt huet en Eelefmeter awer net erakritt.
A Schweden huet Degerfors an der Nospillzäit 1:2 géint Mjällby verluer. De Seid Korac war gespaart a stoung net am Kader. Degerfors ass domadder sou gutt wéi ofgestigen.
Kongsvinger huet a Norwegen 1:2 géint Moss verluer. De Lars Gerson war net am Kader. Kongsvinger bleift op der 3. Plaz an der 2. Liga an huet sech fir d’Opstigsronn an déi iewescht Divisioun qualifizéiert.
An der tierkescher Süper Lig huet Sivasspor mam Gerson Rodrigues kloer 0:3 géint Karagümrük verluer. Béid Ekippe stounge virum Match am Mëttelfeld vun der Tabell a sinn nom 12. Spilldag elo punktgläich (14 Punkten). Sivasspor huet et mat der Néierlag verpasst, nees den Uschloss un déi international Plazen hierzestellen. De Gerson Rodrigues stoung an der Startformatioun a gouf an der 57. Minutt beim Stand vun 0:1 ausgewiesselt.
Am däitsche Futtball ass et fir de Leandro Barreiro (Mainz) an de Mathias Olesen (Köln) an hir Ekippen net duergaangen, fir dräi Punkte mat heem ze huelen. De Barreiro stoung beim 0:0 vu Mainz zu Darmstadt 90 Minutten um Terrain, de Mathias Olesen huet de Match beim VfL Bochum (1:1) vun der Bänk aus suivéiert.
An der franséischer Ligue 2 konnt de Maxime Chanot mat Ajaccio eng wichteg Victoire feieren. Mam 1:0 géint Troyes bleift d’Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller an der Course ëm d’Opstigsplaze fir an d’Ligue 1. De Chanot krut kuerz virum decisive Gol an der 17. Minutt déi giel Kaart gewisen, stoung awer bis zum Schluss um Terrain.
Mam Florian Bohnert war en zweete Lëtzebuerger an der zweeter franséischer Liga am Asaz, mee fir hie war den Owend net sou erfollegräich. Bastia huet beim FC Paräis eng 0:1-Defaite kasséiert, woubäi den decisive Gol an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent op en Eelefmeter hi gefall war. De Florian Bohnert huet op der Baussepositioun e gudde Match gemaach, an dat iwwer 90 Minutten.
Den Tim Hall huet mat Ujpest nach an der leschter Minutt eng 1:2-Néierlag mussen hinhuelen. Am Spëtzematch vum 13. Spilldag géint d’Puskas Akademia war Ujpest a Féierung gaangen, mee d’Ekipp vu Felcsut, d’Heemecht vum ungaresche Premier Viktor Orban, quasi am Géigenzuch den Ausgläich geschoss. Den Tim Hall gouf beim Stand vun 1:1 an der 54. Minutt ausgewiesselt.
Dat selwecht Leed huet den Alessio Curci mat Francs Borains erfuer. Am Match an der zweeter belscher Liga stoung et bis an d’Nospillzäit 0:0, mee Oostende huet mat engem Last-Minute-Gol nach déi dräi Punkten agefuer. De Lëtzebuerger gouf kuerz viru Schluss agewiesselt.
E weidere Last-Minute-Gol gouf et am Match tëscht Bruk-Bet a Stal Rzeszow. Dës Kéier ass de Gol awer zu Gonschte vun der Ekipp vum Lëtzebuerger Sébastien Thill gefall. Bruk-Bet war nach virun der Paus a Féierung gaangen, éier Rzeszow an der 79. Minutt ausgläichen, an an der 90. Minutt den decisive Gol schéisse konnt. Den Thill gouf kuerz nom Ausgläich ausgewiesselt.
Den Optakt vun de Lëtzebuerger Futtballprofien, déi am Ausland aktiv sinn, huet den Danel Sinani mam FC St. Pauli aus der zweeter däitscher Bundesliga gemaach. Beim 0:0 géint Hannover gouf de Roude Léiw an der 75. Minutt agewiesselt, konnt, wat Goler betrëfft, awer keng Akzenter setzen.
3 Punkten dogéint gouf et fir den Dirk Carlson mat St. Pölten an der zweeter Éisträichescher Liga. Si konnte sech 3:2 beim SW Bregenz duerchsetzen. De Carlson stoung de ganze Match iwwer um Terrain.
Bei der Victoire vu Borussia Mönchengladbach géint Wolfsburg war den Yvandro Borges Sanches wéinst enger Blessure net am Kader.