Déi sinn op de Kont vum Mara Strzykala gaangen. D’Lëtzebuerger Championne ass ugangs des Jores bei der EM an der Klass ënner 49 Kilo op eng gutt 6. Plaz komm.
Mat 32 Joer ass d’Mara Strzykala méi wéi jee motivéiert, fir weider u sech ze schaffen. D’Athleetin ass an hirer zweeter sportlecher Karriär bei d’Gewiichthiewe komm. An dëser explosiver Disziplin fillt si sech doheem a fënnt déi néideg Motivatioun, fir nieft der Aarbecht bei der Waasserverwaltung genuch Stonnen, an der Moyenne 3 den Dag, an den Training ze investéieren.
Zanter 2022 gëtt d’Mara Strzykala vum Sabine Kusterer trainéiert. Déi 10. vun den Olympesche Spiller vu Rio huet e grousse Verdéngscht un der Progressioun vum Mara. Alles an allem ass d’Athleetin méi reegelméisseg an hire Kompetitiounen.
Mat 71 Kg am Räisse konnt d’Mara Strzykala beim Championnat an hirer Klass en neie Lëtzebuerger Rekord etabléieren. En nächst Zil ass de Sprong an den COSL-Elite-Kader. Dofir brauch d’Athleetin en Total aus Räissen a Stousse vun 162 Kilogramm. Dofir feelen der sympathescher Sportlerin nach 2 Kilo.
