
De Jonas Vingegaard huet déi lescht Biergetapp vu Gemano del Friuli op Piancavallo nees souverän gewonnen. De Leader am General konnt senge Kontrahenten nees eng Abberzuel Sekonnen ofhuelen a huet domat déi bescht Chancen, e Sonndeg bei der Arrivée zu Roum säin éischten Giro ze gewannen. Domat wär hien an enger Rei mat deene ganz Groussen, déi déi dräi grouss Toure (Giro d'Italia, Tour de France, Vuelta a Espana) gewanne konnten. Hie wär eréischt deen Aachten - no Eddy Merckx, Bernard Hinault, Felice Gimondi, Alberto Contador, Vincenzo Nibali, Chris Froome a Jacques Anquetil.
De Vingegaard huet 11 Kilometer virun der Arrivée attackéiert a konnt seng Kontrahenten séier hannert sech loossen. Am Zil hat hien dunn eng Avance vun 1:15 op de Felix Gall an op den Jai Hindley.
Nieft dem Dän konnt sech och den Giulio Ciccone freeën. Den Italieener konnt sech den Trikot vum beschte Grimpeur vun dësem Giro sécheren. Den Afonso Eulalio, deen och e puer Deeg am Maglia Rosa gefuer war, huet och gutt Chancen, wann näischt dotëscht kënnt, de beschte Jonken ze ginn.
1 Vingegaard Jonas 5:03:55
2 Gall Felix 1:15
3 Hindley Jai ''
4 Gee-West Derek ''
5 Arensman Thymen 1:19
6 Bernal Egan 1:25
7 Eulalio Afonso 2:03
8 Caruso Damiano 2:13
9 Storer Michael ''
10 Piganzoli Davide ''
1 Vingegaard Jonas 80:17:01
2 Gall Felix 5:22
3 Hindley Jai 6:25
4 Arensman Thymen 7:02
5 Gee-West Derek 7:56
6 Eulalio Afonso 9:39
7 Storer Michael 10:13
8 Piganzoli Davide 10:52
9 Caruso Damiano 11:24
10 Bernal Egan 12:54