
An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro iwwert d’Ofso vum Championnat am Cross Country vun den CSV-Deputéierten Nancy Arendt Kemp a Georges Mischo huet de Sportminister Dan Kersch geschriwwen, datt et opgrond vum Gesetzestext net méiglech gewiescht wier, ee Massestart ze organiséieren.
Dogéint wier awer de Modus vun engem “Contre la montre” méiglech gewiescht.
De Sportminister schreift och, datt et net vu Bedeitung wier, wat senger Meenung no géif ënner Elittesport falen, mee do just den Artikel 13 vum Sportsgesetz géif zielen.
D’FLA hat jo kuerzerhand de Championnat am Cross Country ofgesot.