Internationale FuttballMaurizio Sarri gëtt Trainer vun der Juventus

RTL Lëtzebuerg
Nodeems den Italiener nach mat Chelsea d'Europa League gewonnen huet, verléisst en elo de Klub a gëtt neien Trainer bei Juventus Turin.
© AFP

No nëmmen enger Saison beim englesche Klub verléisst de Maurizio Sarri dësen nees fir nees zeréck an Italien ze wiesselen an zwar bei de Rekordchampion Juventus Turin. Hei gëtt hien de Nofolger vum Massimiliano Allegri deen no der Saison virun d’Dier gesat gouf.

Wee genau elo Trainer vun Chelsea gëtt ass nach net gewosst. Ënner anerem gëtt den Ex-Spiller vun de Blues, Frank Lampard, gehandelt deen eng staark éischt Saison als Trainer vun Derby County gewisen huet.

Back to Top
CIM LOGO