BGL LigueMillebaach géint Racing nees verluecht, aner Partië goufe gespillt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'FLF matgedeelt huet, ass de Match tëscht der Millebaach an dem Racing, deen e Mëttwoch den Owend sollt sinn, erëm verluecht.

D'Terrainkonditiounen erlaben et net, datt den Nodrosmatch vum 13. Spilldag an der BGL Ligue ka gespillt ginn. Elo ass d'Partie fir de 15.12 um 16.00 Auer ugesat.

De Spëtzematch tëscht Union Titus Péiteng a Progrès Nidderkuer, souwéi d'Partie Munneref géint Fola goufen awer gespillt.

Hei den Iwwerbléck vun de Partie vum Mëttwochowend aus der BGL Ligue an der Éierepromotioun.

Back to Top
CIM LOGO