BundesligaMünchen demontéiert Dortmund

RTL Lëtzebuerg
Um 28. Spilldag wënnt Frankfurt a leschter Sekonn géint Schalke, Wolfsburg klappt Hannover a Leipzig dréint de Match géint Leverkusen.
© afp (Archiv)

Bayern München - Dortmund 5:0

D’Bayern hu vun ufank un den Tempo iwwerholl an hunn de Match kontrolléiert. Mee et waren awer déi DOrtmunder déi di éischt riseg Chance haten. De Reus huet no engem Konter de Ball vu lénks flaach an de Réckraum op de komplett fräien Dahoud ginn mee deem säi Schoss ass just um Potto gelant. Dëst hätt missen den 1:0 sinn. An der 10. Minutt war et dann awer den Ex-Dortmunder Hummels deen no engem Corner mam Kapp de Ball an de Gol geschoss huet. Bayern huet weider Drock gemaach a konnt e grousse Feeler vum Zagadou ausnotzen. De Jonke Fransous huet als leschte Mann dem Lewandowski de Ball an de Fouss gespillt, de Bürki ass eraus komm mee de Pol war virdrun um Ball an huet an den eidele Gol geschoss. Elo haten déi Münchener e richtege Laf an et quasi alles geklappt. An der 40. Minutt huet de Martinez de Ball aus 16 Meter dréchen an de rietsen Eck geschoss. Nëmmen 3 Minutte méi spéit schléit de Müller eng herrlech Flank op de Gnabry an dee käppt de Ball aus 10 Meter laanscht de Bürki an de Gol.

No der Paus hunn et déi Münchener e bësse méi roueg ugoe gelooss mee och d’Dortmunder waren elo bësse besser am Match, vill Chancen krute sech awer net erausgespillt mee och hei waren et nach ëmmer d’Bayern déi méi geféierlech waren. Se hunn dat locker erofgespillt a konnten an der 89. Minutt awer nach de 5:0 dropleeën. De Lwandowski konnt säin 201. Bundesligagol schéissen.

Leverkusen - Leipzig 2:4

Schonn no 1 Minutten krut Leverkusen, no engem Foul vum Orban um Volland, e gerechten Eelefmeter zougesprach an deen huet den Havertz ganz souverän am Gol ënnerbruecht. No 17 Minutten konnt Leipzig awer ausgläichen nodeems de Sabitzer en Fräistouss an de Gol geschoss huet. Bei dësem huet de Hradecky am Gol awer net gutt ausgesinn wëll de Ball koum an de Golkippseck an de Golkipper hat an den aneren Eck spekuléiert. Nach eng kéier nëmme 6 Minutte méi spéit war et nees den Havertz dee mat engem herrleche Volley-Schoss den 2:1 konnt schéissen. Dës Féierung war an den éischten 45 Minutten och verdéngt.

Kuerz no der aus konnt Leverkusen den 3:1 schéissen mee den Arbitter hat sech d’Situatioun nach eng kéier ugekuckt a korrekterweis op Abseits entscheet. An der 64. Minutt ass de Gäscht awer den Ausgläich gelongen wéi de Werner de Ball vu lénks an de laangen Eck schlenze konnt. 8 Minutten drop huet den Arbitter no enger knëffeleger Situatioun op de Punkt gewisen an de Forsberg ass äiskal bliwwen. Mat engem fantastesche Gol huet de Cunha an der 83. Minutt de 4:2 geschoss. Mam Zidane-Trick huet en de Weiser al ausgesi gelooss an dono de Ball iwwert de Hradecky an de Gol gelobt.

Schalke - Frankfurt 1:2

Frankfurt war ganz staark an de Match gestart a konnt an der 13. Minutt verdéngt mat 1:0 a Féierung goen. De Kostic hat perfekt op de Rebic duerchgestach, dësen huet de Ball laanscht de Nübel geluecht a konnt an den eidele Gol schéissen. Aus dem näischt ass de Schalker an der 21. Minutt dann awer den Ausgläich gelongen. No engem Kappball vum Embolo konnt den Trapp just zur Säit ofwieren an dëst huet de Serdar ausgenotzt. Dono sinn se dann och besser an de Match komm an hate sech dësen 1:1 an der Paus soumat och verdéngt.

An der 2. Halschent gouf et zwar nach e puer Chancen fir béid Ekippen an et gouf vill gekämpft an an der 99. Minutt gouf et no Videobeweis dann nach tatsächlech en Eelefmeter fir Frankfurt no engem kloeren Handspill vum Oczipka. De Jovic huet de Ball an de Wénkel gedonnert.

Hertha BSC - Düsseldorf 1:2

Et war e montere Match an der éischter Halschent wou Düsseldorf an der 35. Minutt den 1:0 schéisse konnt. De Raman konnt de Ball aus 16 Meter an de lénksen Eck schéisse konnt. Et huet awer just 6 Minutte gedauert bis den Ausgläich gefall ass. Den Duda konnt flaach vun der Golauslinn an d’Mëtt passen an do huet de Grujic den 1:1 markéiert.

Mat sengem zweete perséinleche Gol huet de Raman Düsseldorf an der 61. Minutt nees a Féierung bruecht. Mat sengem éischte Versuch ass de Raman nach um Jarstein hänke bliwwen mee mam Noschoss huet en de Ball am Gol ënnerbruecht.

Stuttgart - Nürnberg 1:1

An der éischter Halschent hat Stuttgart méi vum Match an hat och méi Chancen mee trotz allem waren et d’Gäscht déi kuerz virun der Paus (42.’) a Féierung goe konnten. No engem Corner huet de Behrens op d’Lat gekäppt, de Ball ass am héije Bou nees an den Terrain geflunn an do konnt de Matheus Pereira de Ball aus kuerzer Distanz am Gol ënnerbréngen.

An der 75. Minutt ass de Stuttgarter den erléisenden Ausgläich gelongen an dat nodeems de Kabak de Ball no engem Fräistouss am Gol ënnerbrénge konnt. No enger 3 minüteger Ënnerbriechung wou de Gol op Abseits iwwerpréift gouf, huet den Arbitter schlussëndlech de Gol unerkannt.

Wolfsburg - Hannover 3:1

Et huet 30 Minutte gedauert bis den Underdog aus Hannover a Féierung konnt goen. De Maina huet dem Weydandt eng perfekt Pass an de Fouss gespillt, dësen ass virum Pervan cool bliwwen a konnt de Ball laanscht de Golkipper an de Gol schéissen. Dës Féierung huet awer just 2 Minutte gehalen wëll dunn huet de Steffen no engem Fräistouss de Ball schéin mam Kapp an de laangen Eck verlängert.

An den zweete 45 Minutten konnt sech de Favoritt vu Wolfsburg dann awer nach duerchsetzen an Hannover huet alt nees kee Punkt matgeholl. An der 71. Minutt war et de Steffen deen mat sengem 2. perséinleche Gol den 2:1 schéisse konnt. No 78 Minutten huet de Roussillon op 3:1 erhéicht. No enger Virlag vum Malli huet de Roussillon de Ball laanscht puer Defenseuren an de Gol geschoss.

Back to Top
CIM LOGO