BGL LigueNidderkuer wënnt mat 3:0 zu Rouspert, Rodange an d'Jeunesse deelen 3:3

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend war den Optakt vum 5. Spilldag am nationale Futtballchampionnat, wou direkt 2 Partien um Programm stoungen.
© Jan Fisch

Hei gouf et eng 3:0-Victoire fir de Progrès Nidderkuer géint d’Victoria Rouspert. Den Emmanuel Françoise, de Belmin Muratovic an den Jacky Mmaee hu fir d’Gäscht getraff. Zu Rodange gouf et ee méi knappe Match, wou Rodange an d’Jeunesse 3:3 deelen.

Rouspert - Nidderkuer 0:3

Nodeems an der éischter Hallschent béid Ekippen ongeféier op engem Niveau waren, wou esouwuel Rouspert wéi och Nidderkuer hätte kéinten a Féierung goen, ass de Progrès Nidderkuer awer besser aus de Kabinne komm an an der 59. Minutt ass dunn aus Rousperter Siicht alles schifgaangen. Do huet den Här Bourgnon nämlech dem Rousperter Kapitän Gilles Feltes déi rout Kaart gewisen an huet op Eelefmeter fir Nidderkuer decidéiert. Den Emmanuel Françoise konnt vum Punkt aus verwandelen. An der 62. Minutt hunn d’Gäscht dunn direkt nach een dropgesat. Den Mmaee huet de Ball vu riets an d’Mëtt bruecht, wou de Muratovic den 2:0 markéiere konnt. An der 81. Minutt huet den Mmaee sech fir seng staark Leeschtung belount an huet den 3:0 markéiert. Um Enn ass et bei dësem Spillstand bliwwen an domat kann Nidderkuer viru 410 Spectateuren déi 4 Victoire vun der Saison feieren.

FC Rodange - Jeunesse Esch 3:3

Den Opsteiger Rodange krut e Samschdeg den Owend Besuch vum Rekordchampion Jeunesse Esch. D’Lokalekipp war an dëser Saison bis elo ouni Punkt an deemno war et och relativ iwwerraschend, dass si no 13 Minutte mat 1:0 a Féierung goe konnten, dat duerch de Ramdedovic. Iwwer wäit Strecken kruten d’Spectateure keen all ze gudde Match ze gesinn an der 1. Hallschent, ma an der 40. Minutt awer ee weidere Gol. Do konnt de Boakye no Virlag vum Makota fir d’Jeunesse ausgläichen. Nom Säiteweissel awer op en Neits e Réckschlag fir d’Jeunesse, well do konnt den de Sousa den Opsteiger op en Neits a Féierung bréngen. Déi Kéier huet d’Escher Reaktioun awer nëmme 5 Minutten op sech waarde gelooss an et war den Escher Buteur Makota, deen op 2:2 stelle konnt. Batter Fir Rodange ass et dunn an der 81. Minutt ginn, well do konnt de Meddour den 3:2 fir d’Jeunesse markéieren. Ma nach war et net eriwwer, an de leschte Minutte krut den Duriatti nach Giel-rout an de Marco de Sousa konnt vum Eelefmeterpunkt aus fir d'3:3-Schlussresultat suergen.

© Nigel Mathieu

Den Iwwerbléck vun der BGL Ligue

Back to Top
CIM LOGO