
Den Transfert vum Nico Schulz, dee fir 25 Millioune vun Hoffenheim op Dortmund wiesselt, war jo schonns sécher an e Mëttwoch de Moie koum dunn och déi offiziell Bestätegung, dass den Thorgan Hazard vu Borussia Mönchengladbach fir 25,5 Millioune bei déi Schwaarz-Giel wiesselt. Weider wiesselt och de Mateu Morey vum FC Barcelona op Dortmund.
Ee weideren décken Transfert koum e Mëttwoch de Mëtten dunn nach no, deemno wiesselt nämlech de Julian Brandt vu Leverkusen och bei de BVB.