NFL - Conference ChampionshipPatriots treffen am Superbowl op d'Seahawks

Kevin Kayser
An de Finalle vun den zwou Konferenzen an der NFL konnt de Verlaf vun den zwee Matcher net méi verschidde sinn.
Wärend dem Match tëscht den Denver Broncos an den New England Patriots ass d'Wieder vun dréche-kal op stiermesch mat Schnéi ëmgeschloen.
Wärend dem Match tëscht den Denver Broncos an den New England Patriots ass d’Wieder vun dréche-kal op stiermesch mat Schnéi ëmgeschloen.
© JUSTIN EDMONDS/Getty Images via AFP

E Sonndeg den Owend eiser Zäit sinn d’Patriots bei d’Broncos gereest, fir de Gewënner vun der AFC ze fannen. Bei u sech guddem Wieder, och wann et kal war, ass d’Partie lassgaangen. Et war vu viraus gewosst, datt hei zwou gutt Defensiven openeen treffen an dat huet een direkt an den zwee éischte Ballbesëtz gesinn: Béid Ekippen hu musse punkten. Dunn awer ass de Broncos ënnert der Féierung vum Joe Stidham, deen de blesséierte Quarterback Bo Nix ersetzt, en Touchdown gelongen a si konnte 7:0 a Féierung goen. Am Ufank vum zweete Véierel hate si dann d’Chance, op 10:0 ze setzen, ma d’Coachen hunn decidéiert, fir bei 4 an 1 déif an der géignerescher Hallschent dofir ze goen, amplaz mat engem Kick fir dräi Punkten ze suergen. D’Defense vun de Patriots huet dëst awer net zougelooss. Kuerz drop huet dann d’Attack vun de Gäscht vun engem Feeler vum Stidham profitéiert, an deem si de Ball direkt déif an der Hallschent vun de Broncos kruten. D’Patriots konnten op 7:7 setzen. Zu deem Ament huet een awer scho gemierkt, datt d’Wieder ëmschléit an de Wanterstuerm lues awer sécher zu Denver ukomm ass. Wéinst der viller Loft hu béid Ekippen um Schluss vun der Hallschent de Fieldgoal net markéiert. Et goung also mat 7:7 an d’Kabinn.

Wärend der Paus ass de Stuerm méi uerg ginn an et huet och nach ugefaange mat schneien. Obwuel béid Ekippen d’Keelt u sech gewinnt sinn, ass an den zweeten 30 Minutten d’Football-Spillen ëmmer méi schwiereg ginn, well et koum méi Loft a méi Schnéi, esou datt den Terrain zougeschneit a rutscheg ginn ass. D’Patriots hunn dovu profitéiert, datt si no der Paus de Ball kruten, well hinne si mat deem Drive 3 Punkte gelongen, wat si 10:7 a Féierung bruecht huet. Wéineg wossten d’Fans zu deem Ament, datt an de leschte knapp 25 Minutte guer keng Punkte méi sollte falen, mä éischter béid Defensë vun de Wiederkonditioune profitéiere konnten, well passen, lafen, punten a kicken ëmmer méi schwiereg gouf. Um Enn wannen d’Patriots dës kuriéis Wanter-Partie knapp mat 10:7 a qualifizéiere sech als éischt Ekipp fir de Superbowl vun dësem Joer.

Ouni Wanterstuerm ass dann d’Partie vun den LA Rams bei de Seattle Seahawks iwwert d’Bün gaangen. An der Saison ware béid Ekippe schonn zwee Mol openee getraff an all Kéier konnt sech d’Heemekipp duerchsetzen. Avantage Seahawks also. Anescht wéi de fréie Match sollten d’Fans an dëser Partie däitlech méi Punkte gesinn. D’Seahawks ware mat 7:0 a Féierung gaangen a konnten dee Virsprong bis op 10:6 halen. Dunn awer mat hirem éischten Touchdown vum Dag sinn d’Rams dunn 13:10 a Féierung gaangen. Ma déi knapp zwou Minutten, déi nach op der Auer waren, sinn de Seahawks duergaangen, fir kuerz virun der Paus hiren zweeten Touchdown ze markéieren an esou de Lead nees virun der Paus ze iwwerhuelen. Mat 17:13 fir d’Heemekipp goung et an d’Kabinnen.

Den drëtte Quarter hat et dunn a sech, well béid Ekippe konnten hei 14 Punkte markéieren, d’Seahawks hunn awer zu all Moment d’Nues virgehat. De leschte Quarter huet du beim Score vun 31:27 fir Seattle ugefaangen. Der Heemekipp ass awer an de leschte 15 Minutten no vir näischt gelongen a si hunn zweemol de Ball misste Punkten. Well Los Angels véier Punkten am Réckstand war, si si 5 Minutte viru Schluss op Risiko gaangen. Amplaz dräi Punkten ze kicken, si si beim 4. Versuch an nach 4 Yards dofir gaangen, ma d’Pass vum Stafford ass net beim Ferguson ukomm. Hir Defense huet hinnen de Ball dunn nach eng Kéier zeréckbesuergt, ma dat war op der eegener 7 Yards-Linn bei grad emol nach 25 Sekonnen op der Auer. De Stafford konnt zwar nach bei 3 Versich zwou Passe fir am ganze 44 Yards un de Mann bréngen, zwee Mol un den Nacuta, ma d’Zäit sollt auslafen, esou datt si zwar esou just nach an d’Hallschent vum Géigner koumen, do awer de Match ofgepaff gouf. D’Seahawks qualifizéiere sech mat engem 31:27 als Gewënner vun der NFC fir de Superbowl.

De Superbowl, déi grouss Finall also vun der NFL-Saison, ass eiser Zäit an der Nuecht vum 8. op den 9. Februar zu San Francisco. Hei treffe wéi gesot d’Patriots op d’Seahawks.

Back to Top
CIM LOGO