RM HammPedro Resende gëtt neien Trainer

RTL Lëtzebuerg
Eréischt e Sonndeg war hie vu sengem Trainerpostë bei Rouspert zeréckgetrueden.
© Facebook RM Hamm Benfica

Sou séier kann et goen, nach e Sonndeg ass de Pedro Resende als Trainer vu Rouspert zeréckgetrueden, dat aus perséinleche Grënn.

Um Méindeg Owend deelt den RM Hamm mat, datt de Resende elo do Trainer ass.

Hien huet fir zwee Joer ënnerschriwwen, mat enger Optioun fir een drëtt Joer.Zu Rouspert dierft dëst net op Begeeschterung falen.

Brisant ass och, datt béid Veräiner elo e Sonndeg am direkten Duell géintenee spillen.

Back to Top
CIM LOGO