Internationale FuttballReal Madrid ka sech iwwer de Championstitel freeën

RTL Lëtzebuerg
A Spuenien ass d'Decisioun ëm de Championstitel en Donneschdeg den Owend gefall an dat zu Gonschte vu Real Madrid.
© AFP (Archiv)

D’Ekipp vum Trainer Zinédine Zidane ass no der Corona-Paus immens dominant opgetrueden a konnt hire Konkurrent vu Barcelona op Distanz halen. D’Katalanen hunn no der Corona-Paus vill Punkten ofginn a waren deemno net konstant genuch, fir den Titel ze huelen.

En Donneschdeg den Owend kruten déi Kinneklech Besuch vum FC Villareal. An der 29. Minutt konnt d’Lokalekipp duerch de Karim Benzema mat 1:0 a Féierung goen. An der 77. Minutt huet de Fransous dann och nach vum Eelefmeterpunkt getraff an esou fir den 2:0 gesuergt. Den Iborra konnt an der 84. Minutt zwar nach op 1:2 verkierzen, ma méi war net méi dran. Bei dësem Stand sollt et bis zum Schluss dann och bleiwen.

D’Madrilene gewannen domat hire 34. spuenesche Championstitel.

Den FC Barcelona huet iwwerdeems an Iwwerzuel mat 1:2 géint Osasuna verluer.

Back to Top
CIM LOGO