
An der Saison 2021/22 huet d’UEFA Recettë vu 4,05 Milliarden Euro. Hir Récklage wäerten Enn Juni bei 500 Milliounen Euro leien. Dat gouf e Mëttwoch um Kongress zu Lissabon matgedeelt.
D’Haaptquell vun de Recettë war d’Champions League, déi 3,6 Milliarden Euro an d’Keess bruecht huet. Vun de Gesamtrecettë sinn der 3,3 Milliarden nees un d’Clibb a Verbänn zeréckgaangen.
Fir déi nächst Saison 2023/24 gi sech nach nach emol méi Suen erwaart. Hei rechent ee mat Recetten an Héicht vu 6,7 Milliarden Euro. E wichtege Punkt beim Budgetsprojet ass d’EM-Endronn 2024 an Däitschland, do rechent d’UEFA mat engem Erléis vun 2,42 Milliounen Euro, wouvun nees 331 Milliounen Euro un d’Participante ginn. Den EM-Gewënn soll bei 1,19 Milliarden Euro leien.