Europa LeagueRennes iwwerrascht Arsenal, Frankfurt-Inter 0:0

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg goufen d'Allermatcher vun den Aachtelsfinalle gespillt. Entscheedunge gouf et also nach keng, Virentscheedunge méiglecherweis schonn.

8 Matcher stoungen also um Menü vum Donneschdeg den Owend.

EUROPA LEAGUE: Den Iwwerbléck.Déi gréissten Iwwerraschung ass sécher Rennes gelongen, well d’Fransouse kënne sech doheem 3:1 géint Arsenal duerchsetzen. Trotzdeem muss Rennes oppassen, well wéinst dem Auswäertsgol géif Arsenal en 2:0 doheem duergoen, fir sech fir d’Véierelsfinall ze qualifizéieren. Onofhängeg vun esou Gedankespiller huet Rennes en Donneschdeg den Owend senger Freed fräie Laf gelooss.

Dobäi hat den Owend guer net gutt ugefaange fir Stade Rennes, well d’Englänner haten direkt an der 4. Minutt den 1:0 duerch den Iwobi geschoss. Wéinst enger gielrouder Kaart huet Arsenal awer vun der 41. Minutt un nach just zu 10 gespillt, wat Rennes natierlech zupaass koum. An der 42. huet de Bourigeaud den 1:1 geschoss, an der 65. ass den 2:1 fir Rennes gefall, no engem Selbstgol vum Monreal, an an der 88. huet de Sarr op 3:1 erhéicht. Am Fong e perfekten Owend fir Rennes.

Perfekt ass et och fir Villareal gelaf, d’Spuenier kënne sech 3:1 zu Sankt Petersbuerg géint Zenit behaapten an hunn domat e grousse Schrack Richtung Véierelsfinall gemaach.

En anere spuenesche Club konnt sech keng esou gutt Ausgangspositioun verschafen, well Sevilla kënnt doheem géint Slavia Prag net iwwer en 2:2 eraus. Sämtlech Goler sinn an der éischter Hallschent gefall.

E Gläichspill gouf et och tëscht Frankfurt an Inter, wou keng vu béiden Ekippe getraff huet, deemno 0:0. Fir Frankfurt déi éischt kleng Brems op europäeschem Level an am Retourmatch an enger Woch am Giuseppe-Meazza-Stadion dierf d’Eintracht net verléieren, wa se no 24 Joer mol nees an enger europäescher Véierelsfinall stoe wëll ...

Dinamo Zagreb ka sech 1:0 géint Benfica Lissabon behaapten, duerch en Eelewer vum Petkovic an der 38. Minutt. Am Retourmatch ass also nach alles op, virausgesat, et geléngt de Portugisen de Réckstand vun engem Gol opzehuelen.

Déi aner 3 Matcher goufen eréischt um 21 Auer ugefaangen.

Zwee Goler vum Rodrigo an der 12. an an der 24. Minutt si Valencia duergaangen, fir géint d’Russe vu Krasnodar ze gewannen. ma well déi an der 63. Minutt duerch de Claesson och getraff hunn, riskéiert et awer enk ze ginn am Réckspill.

Méi kloer waren déi aner zwou Partien: Neapel léisst näischt ubrenne géint Slazburg a wënnt 3 zu 0.

Mam selwechte Resultat ka sech och Chelsea géint Kiew behaapten.

D’Retourmatcher ginn ewell déi aner Woch gespillt, en Donneschdeg, 14. Mäerz.

Hei d’Resultater am Iwwerbléck

Rennes - Arsenal 3:1
Zenit - Villareal 1:3
Sevilla - Slavia Prag 2-2
Frankfurt - Inter Mailand 0:0
Dinamo Zagreb - Benfica Lissabon 1:0

Valencia - Krasnodar 2:1
Napoli - Salzburg 3:0
Chelsea - Dynamo Kiew 3:0

Back to Top
CIM LOGO