Generalversammlung muss nach Feu Vert ginnSaison an der Belsch ofgebrach - Bruges ass Champion

RTL Lëtzebuerg
Den éischte Verband huet wéinst dem Coronavirus d'Saison ofgebrach. An der Belsch ass d'Saison nämlech eriwwer.
© AFP (Archiv)

An der Saison 2019/2020 gëtt et an der Belsch kee Profi-Futtball méi, dat gouf en Donneschdeg decidéiert. Geeschter-Matcher wieren och keng Optioun, et géing ëm d’Sécherheet vun alle goen an et wéilt een de Verlaf vun der Saison net op inakzeptabel Aart a Weis beaflossen, heescht et vun der Liga.

Deemno ass Bruges Champion. Wéi Op- an Ofstig gewäert ginn, steet nach net fest. do wéilt een en Aarbechtsgrupp zesummestellen, fir ze kucken, wéi een do jugéiere wëll. De 15. Abrëll ass eng Generalversammlung, wou déi final Decisioun soll falen.

Vize-Champion ass KAA Gent a spillt Qualifikatioun fir d’Champions League. An der Europa League dierfen den RSC Charleroi, Royal Antwerpen a Standard Léck untrieden. Et ass nach net decidéiert, ob d’Coupe ofgesot ass. D’Finall tëschent Antwerpen a Bruges, déi den 22. Mäerz hätt solle gespillt ginn, gouf fir den Ament op e spéideren Datum verluecht. Wéini dës Partie gespillt gëtt, ass allerdéngs nach net bekannt.

Back to Top
CIM LOGO