
Nom Säitewiessel war et de Raman, deen déi Kinneksblo an der 53. Minutt mat 1:0 a Féierung geschoss huet. An der 66. Minutt ass et dunn zu engem schlëmme Foul vum Nübel um Gacinovic komm. De Golkipp vu Schalke huet säi Strofraum misse verloossen an huet dobäi de Gacinoviv mam ausgestreckte Bee voll op der Broscht erwëscht. Déi Rout Kaart war absolut berechtegt. Ma déi Schalker sollten hir 1:0-Féierung och an Ënnerzuel iwwert d’Zäit bréngen a gewannen dëse Match mat 1:0.
VFL Wolfsburg - Borussia Mönchengladbach 2:1
1:0 Schlager (13'). 1:1 Embolo (15'), 2:1 Arnold (90+1')
Eng rasant Ufanksphas hunn d’Spectateuren zu Wolfsburg gebuede kritt. An der 13. Minutt huet de Schlager den 1:0 fir d’Haushäre geschoss. Ma nëmmen 2 Minutte méi spéit huet den Embolo den Ausgläich fir d’Visiteure konnte markéieren. No intensive 45 Minutten ass et mat engem 1:1 an d’Paus gaangen.
An der 2. Hallschent huet et dono ausgesinn, dass sech béid Ekippen d’Punkten deele wäerten, éier den Arnold an der Nospillzäit mat engem schéine Volley-Schoss dach nach den 2:1 fir Wolfsburg markéiere konnt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Manchester United - FC Everthon 1:1
0:1 Lindelöf (36'), 1:1 Greenwood (78')
Béid Ekippen hunn eng immens kierperbetounten 1 Hallschent gewisen an där Manchester United net grad un déi gutt Leeschtungen aus de leschte Matcher konnt uknäppen. Sou ass d’Féierung fir Everthon an der Paus och an d’Rei gaangen, och wann den eenzege Gol an de éischte 45 Minutten e Selbstgol vum United Spiller Lindelöf war.
An der 2. Hallschent hunn d’Haushären den Drock ëmmer weider an d’Luucht geschrauft. Den 1:1 an der 78. Minutt duerch de Greenwood war zu deem Zäitpunkt och verdéngt. Mat engem 1:1 sollt dës Partie dann och op een Enn goen.
Wolverhampton Wanderers - Tottenham Hotspur 1:2
0:1 Lucas (8'), 1:1 Traore (67'), Vertonghen (90+1')
FC Arsenal - Manchester City 0:3
0:1 De Bruyne (2'), 0:2 Sterling (15'), 0:3 De Bruyne (40')
Arsenal London leeft weiderhi senger Form hannendrun. Manchester City huet de Gunners vu Ufank u keng Chance gelooss a huet de Grondstee fir d’Victoire schonns an der 1. Hallschent geluecht. 3:0 fir d’Gäscht vu Manchester no 45 Minutten. An der 2. Hallschent huet City de Match kontrolléiert a gewënnt verdéngt mat 3:0 zu London.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Juventus Turin - Udinese Calcio 3:1
1:0 Ronaldo (9'), 2:0 Ronaldo (37'), 3:0 Bonucci (45+1'), Pussetto (90+4')
AC Mailand - Sassuolo Calcio 0:0
AS Roum - SPAL 3:1
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Girondins Bordeaux - Racing Straßburg 0:1
0:1 Ajorque (11')
Olympique Lyon - Stade Rennes 0:1
0:1 Camavinga (89')
LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Sevilla - FC Villarreal 1:2
0:1 Albiol (13'), 1:1 El Haddadi (62'), 1:2 Ekambi (74')