
Ass et villäicht de Gol vum Mount? An der Regionalliga-Partie e Mëttwoch tëschent der zweeter Ekipp vun Hansa Rostock an dem FC Energie Cottbus huet de Sébastien Thill sech an der 6. Minutt einfach emol en Häerz geholl a quasi vun der Mëttellinn aus op de Gol geschoss a getraff.
Nëmme 6 Minutte méi spéit konnt dem Thill säi Coequipier Mike Bachmann d’Féierung esouguer op 2:0 ausbauen, d’Cottbusser hu sech an der zweeter Hallschent allerdéngs zeréckgekämpft a konnten de Match schlussendlech mat 3:2 fir sech entscheeden.