EM-QualifikatiounSpuenien a Schottland qualifizéiere sech virzäiteg fir d'EM

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg war et d'Suite an der Qualifikatioun fir d'EM 2024 an Däitschland.
© AFP

Um Sonndeg den Owend konnten sech mat Spuenien, Schottland an der Tierkei 3 weider Ekippen fir d’Futtball-Europameeschterschaft an Däitschland 2024 qualifizéieren.

Well d’Tierkei sech iwwert den normale Wee qualifizéiere konnt, steet Lëtzebuerg sécher an de Playoffs vun der Nations League, déi am Mäerz 2024 gespillt ginn. D’Rout Léiwen hätten also och op dësem Wee weider d’Chance sech en Ticket fir d’EM ze erspillen, sollt et iwwert déi normal Qualifikatioun net geléngen. Hei spillen d’Rout Léiwen haut den Owend am Stade de Luxembourg géint Slowakei.

Polen, déi nëmmen 1:1 géint Republik Moldau gespillt hunn, hunn d’Qualifikatioun wuel nach net verpasst, hunn hiert Schicksal awer net méi an eegener Hand.

Nieft Polen gëtt et och fir Kroatien schwéier, dat well een no der 1:2-Néierlag géint Wales nëmmen nach op der 3. Plaz an der Tabell steet.

Grupp A

Georgien - Zypern 4:0
1:0 Kiteishvili (1:0), 2:0 Kvaratskhelia (58'), 3:0 Shengelia (82'), 4:0 Mikautdze (90+5')

Norwegen - Spuenien 0:1
0:1 Gavi (49')

Spuenien gewënnt am direkten Duell mat 1:0 géint Norwegen a qualifizéiert sech esou virzäiteg fir d’EM an Däitschland. Opgrond vun der Néierlag vun Norwegen ass Schottland, déi um Sonndeg spillfräi haten, och virzäiteg qualifizéiert. Fir Norwegen bleift deemno just nach d’Hoffnung sech iwwert d’Playoffs vun der Nations League den Ticket fir d’EM ze sécheren.

Grupp D

Wales - Kroatien 2:1
1:0 Wilson (47'), 2:0 Wilson (60'), 2:1 Pasalic (75')

Tierkei - Lettland 4:0
1:0 Akgun (58'), 2:0 Tosun (83'), 3:0 Akturkoglu (87'), 4:0 Tosun (90+2')

Tierkei ass duerch eng 3:0 Victoire géint Lettland virzäiteg fir d’EM qualifizéiert. Aktuell steet ee mat 16 Punkten op der 1. Plaz an der Tabell, 6 Punkte viru Wales, déi Kroatien duerch eng 2:1-Victoire konnten iwwerhuelen. Fir Kroatien gëtt et elo ganz schwéier, dat well een och den direkte Vergläich mat Wales elo verluer huet.

Grupp E

Tschechien - Färöer 1:0
1:0 Soucek (76')

Polen - Republik Moldau 1:1
0:1 Nicolaescu (26'), 1:1 Swiderski (53')

Polen huet et verpasst géint d’Republik Moldau ze gewannen, a steet an der Tabell bei engem méi gespilltem Match just op der 3. Plaz, hannert Albanien an Tschechien. Domat besteet wuel theoretesch nach eng Chance fir Polen sech se qualifizéieren, se hunn et awer net méi an eegener Hand.

Grupp I

Schwäiz - Wäissrussland 3:3
1:0 Shaqiri (28'), 1:1 Ebong (61'), 1:2 Polyakov (69'), 1:3 Antilevski (84'), 2:3 Akanji (89'), 3:3 Amdouni (90')

D’Ekipp vum Nationaltrainer Murat Yakin huet sech zu St. Gallen schwéier gedoe kloer Chancen eraus ze spillen. Et huet bis zur 28. Minutt gedauert, éier de Shaqiri fir d’Féierung fir d’Schwäiz gesuergt huet. Och an der zweeter Hallschent ass vun de Gäscht bis déi 61. Minutt net all ze vill komm. Aus dem Näischt ass dunn den Ausgläich gegléckt. Wäissrussland huet de Match op de Kapp gestallt, a duerch Goler vum Polyakov an Antilevski louch een op eemol mat 3:1 an der Schwäiz a Féierung. An der Schlussphase hunn d’Eidgenossen alles no vir geworf, a goufe mat 2 ganz spéide Goler bannent enger Minutt fir hier Leeschtung belount. 3:3 huet et no 90 Minutte geheescht.

D’Schwäiz steet an der Tabell op der zweeter Plaz mat 1 Punkt Réckstand op Rumänien, déi hire Match mat 4:0 géint Andorra konnte gewannen.

Rumänien - Andorra 4:0
1:0 Stanciu (23'), 2:0 Hagi (28'), 3:0 Marin (44'), 4:0 Coman F (50')

Back to Top
CIM LOGO