Europa LeagueSupporter kënne mam F91 mat op Sevilla an op Baku reesen

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend huet den F91 Diddeleng d'Detailer fir d'Reesen op Sevilla an op Baku bekannt ginn.

Fir op Sevilla geet et de 24. Oktober um 10 Auer mat engem Charter-Fluch zesumme mat der Diddelenger Delegatioun an de Spiller vum Findel aus a Richtung Spuenien. Fir 12.40 Auer ass d’Arrivée zu Sevilla geplangt, ier dann um 13.15 Auer den Transfert an de 4-Stären-Hotel Novotel Marques de Nervion ass. An deem Hotel bleift een dann och fir zwou Nuechten, ier et dann de 26. Oktober moies um 11 Auer nees zeréck op Lëtzebuerg geet, och hei ass en Transfert organiséiert.

Fir op Baku geet et den 10. Dezember um 13 Auer mat engem Charter-Fluch zesumme mat der Diddelenger Delegatioun an de Spiller vum Findel aus a Richtung Aserbaidschan. D’Arrivée zu Baku ass fir 19.55 Auer hirer Zäit geplangt, wou et dann en Transfert gëtt fir an de 4-Stären-Hotel Emerald Suite Hotel Baku. An dësem Hotel bleift een dann 3 Nuechten, ier et dann den 13. Dezember moies um 11 Auer nees Richtung Lëtzebuerg geet.

Fir béid Matcher gouf och en Transfert bis an de Stadion organiséiert.

Wat d’Präisser ugeet, do kascht Sevilla fir en Eenzelzëmmer 650 Euro fir zwou Nuechten, en Duebelzëmmer kascht 500 Euro. Wat Baku ugeet, kascht d’Eenzelzëmmer 600 Euro an d’Duebelzëmmer 550 Euro. Et kann een awer och Sevilla a Baku als Package buchen, deen Ament kascht en Eenzelzëmmer 1.200 Euro an en Duebelzëmmer 1.000 Euro. D’Tickete fir d’Matcher sinn am Präis mat dran. All d’Präisser si fir eng Persoun.

Den F91 Diddeleng ënnersträicht, dass d’Unzuel vu Leit, déi si mathuele kënnen, limitéiert ass, ganz nom Motto: “deen Éischten ass vir”.

Fir d’Supporter, déi den F91 op hirer Rees begleede wëllen, déi mussen e Formulaire um Site vum F91 Diddeleng ausfëllen.

PDF: De Communiqué mam genau Dagesoflaf vu béide Reese vum F91 Diddeleng

Back to Top
CIM LOGO