Schonn nees Dynamo KiewSupporter suerge mat rassisteschem Gepöbels fir Spillënnerbriechung

Tim Hensgen
Am Joer 2015 huet Dynamo Kiew misse virun eidele Gradinen spillen, well beim Duell géint Chelsea 4 Spectateure mat donkeler Hautfaarf aggresséiert goufen.
De Brasilianer Taison hat es genuch
Beim Tëschefall vun de Chaoten a bei der 0:1-Defaite vun Dynamo war de Gerson Rodrigues mat vun der Partie.

De Gerson Rodrigues huet de Weekend 62 Minutte bei der 0:1-Defaite vun Dynamo Kiew géint Shaktar Donetsk gespillt. An de Lëtzebuerger Nationalspiller maach sech selwer gegrujelt hunn, wat hei geschitt ass.

De Brasilianer Taison huet nämlech op rassistesch Gepöbels vun den Dynmao-Supporter reagéiert an dofir déi rout Kaart gewise kritt. Nodeems säin Teamkolleg Dentinho den Arbitter awer iwwert d’Frechheeten aus Publik opgekläert hat, ass de Match fir 5 Minutten ënnerbrach ginn an d’Chaote goufen aus dem Stadion geheit.

2015 huet Dynamo Kiew 2 Matcher missen ouni Publik spillen, well beim Duell géint d’Chelsea 4 Spectateure mat donkeler Hautfaarf aggresséiert gi waren.

Back to Top
CIM LOGO