ParalympicsTom Habscheid wënnt d'Bronzemedail am Bommstoussen
An der Finall huet de Lëtzebuerger d'Bomm op 14,97 Meter gestouss a sech déi 3. Plaz geséchert. Gold goung un de Faisal Sorour aus Kuwait.
Tom Habscheid wënnt d'Bronzemedail am Bommstoussen bei de Paralympics
An der Finall huet de Lëtzebuerger d’Bomm op 14,97 Meter gestouss a sech déi 3. Plaz geséchert. Gold goung un de Faisal Sorour aus Kuwait.
Direkt am 1. Versuch huet den Tom Habscheid, deen an der Kategorie F63 un den Depart goung, d’Bomm op 14 Meter an 9 Zentimeter gestouss. Säin Zil, fir méi wäit wéi 13,92 Meter ze kommen, war domadder schonn areecht. Den 2. Versuch ass du bei 14,97 Meter gelant. Et war säi beschte Versuch vum Owend. Mat béide Versich huet hien en neie paralympesche Rekord a senger Kategorie opgestallt. Am drëtte Versuch huet de Lëtzebuerger d’Bomm 10 Zentimeter manner wäit gehäit. An den nächsten dräi Versich konnt den Habscheid sech net verbesseren, um Enn sollt et duergoen, fir Bronze ze gewannen.
Paralympics: Bommstousse mam Tom Habscheid (7.9.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Am RTL-Interview huet sech de Lëtzebuerger extrem frou iwwert seng Leeschtung gewisen. Mam Gewënn vun der Medail kéint hien elo säi Kapp a Rou leeën.
Dem Tom Habscheid säi beschte Versuch an der Finall
Dat geet duer fir d’Bronzemedail am Bommstoussen op de Paralympics 2024.
D’Goldmedail war fir de Faisal Sorour aus Kuwait. Am 4. Versuch ass seng Kugel bei 15,31 Meter gelant. De Britt Aled Davies (15,10 Meter) krut d’Sëlwermedail.
Mat senger Plaz um Podium huet dem Tom Habscheid seng éischt paralympesch Medail gewonnen. Zu Rio 2016 war hien de 7. ginn. Zu Tokio war et déi ondankbar 4. Plaz. Am drëtte Versuch huet et op de paralympesche Spiller mat der Medail geklappt.
D’Medail krut den Tom Habscheid vun der Grande-Duchesse Maria Teresa iwwerreecht. Si war schonn am Virfeld fir dës Zeremonie virgesinn.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Paralympics - Präisiwwerreeschung: Tom Habscheid wënnt Bronze am Bommstoussen
De Lëtzebuerger Sportler krut seng Medail vun der Grande-Duchesse Maria Teresa iwwerreescht.
LINK: Klickt hei, fir op de ganze Paralympics-Dossier ze kommen.