No Paus duerch CoronavirusUfankszäit an der Bundesliga war fir de Laurent Jans net evident

Franky Hippert
Um 30. Spilldag an der Bundesliga kritt Paderborn, Tabelleleschten, et e Samschdeg de Mëtteg um hallwer 4 zu Leipzig mam RB, Drëtten am Klassement ze dinn.

„No der Paus duerch de Coronavirus, war d’Ufankszäit fir mech net evident,“ dat seet de Laurent Jans, Futtball-Profi an der 1. Däitscher Bundesliga beim SC Paderborn. De Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp huet virum Ofbroch duerch de Virus, zum Stammpersonal bei sengem Club gehéiert. E Samschdeg beim 1-6 Debakel géint Borussia Dortmund stoung de 27 Joer ale Rietsverdeedeger awer net um Terrain.

E Samschdeg geet et op Leipzig bei den RB, de Laurent Jans: “Ech hat lo immens laang meng Matcher gespillt an dunn, no der Paus, huet den Trainer gewiesselt. Ob ech dat elo verstanen hunn, sief dohi gestallt, mä ech hat et z’akzeptéieren. Ech hu weider um Training alles ginn. Géint Hoffenheim gouf ech dunn agewiesselt an dunn géint Augsburg hunn ech vun Ufank u gespillt wou ech a mengen A och e gudde Match gemaach hunn. Elo géint Leipzig brauch een net vill ze soen, datt ass eng vun de beschten Equippen an Däitschland. Si spille séiere Futtball. Mir mussen awer alles gi wat mer hunn, an an eiser Situatioun op 3 Punke goen.”

De Laurent Jans

Um 30. Spilldag an der Bundesliga kritt Paderborn, Tabelleleschten, et e Samschdeg de Mëtteg um hallwer 4 zu Leipzig mam RB, Drëtten am Klassement, ze dinn.

An Däitschland kann am Profifuttball jo zanter 3 Wochen nees ënner strenge sanitäre Reegele gespillt ginn. Eng Ekipp muss zum Beispill mat zwee Bussen an de Stadion kommen. Am Stadion selwer si jo keng Spectateuren.

Back to Top
CIM LOGO