
E Freideg den Owend ass ënnert anerem an der däitscher Bundesliga, an der franséischer Ligue 1 an an der italienescher Serie A de Ball gerullt.
Union Berlin - Bayer Leverkusen 1:0
1:0 Teuchert (88')
D’Ekipp vum Trainer Urs Fischer huet an hirem 50. Bundesligamatch Bayer Leverkusen duerch e spéide Gol vum Cedric Teuchert (88.) mat 1:0 geklappt a réckelt mat 28 Punkten an der provisorescher Tabell elo op déi 4. Plaz no vir. Union huet elo nëmmen nach ee Punkt Retard op Leverkusen.
Dem Teuchert säi laange Sprint zum decisive Gol bedeit deen éischten Dräier géint Leverkusen am véierten Ulaf zanter dem Opstig am Summer 2019. Fir d’Gäscht dogéint weist den Trend an der Liga weider no ënnen. D’Wierkseelef ass och am véierte Match noeneen ouni Victoire bliwwen an huet an der Course ëm den Titel weider u Buedem verluer. Union huet no Bayern München (1:1) a Borussia Dortmund (2:1) enger weiderer Topp-Ekipp Doheem d’Grenzen opgewisen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Lazio Roum - AS Roum 3:0
1:0 Immobile (14'), 2:0 Alberto (23'), 3:0 Alberto (67')
Wéinst dem Réckstand vu sechs Punkten op de Géigner aus der eegener Stad an enger enttäuschender aachter Plaz wollt sech Lazio am Derby géint d’Roma onbedéngt déi 9. Victoire an dëser Saison sécheren. Entspriechend motivéiert sinn déi Himmelblo dann och an de Match gestart an hunn direkt deen éischte Feeler vun de Gäscht an der 14. Minutt genotzt, fir mat 1:0 a Féierung ze goen. Den Ibanez war am eegene Strofraum onglécklech ewechgerutscht an dës Chance huet den Immobile net ongenotzt gelooss an huet dat ronnt Lieder riets uewen an den Eck gesat.
D’Gäscht hu mat aggressiven Attacke reagéiert, ma hunn awer ze dacks déi néideg Prezisioun am leschten Drëttel vermësse gedoen, sou datt aus engem Gol näischt ginn ass. Ganz anescht d’Lokalekipp, déi äiskal hir Chancë genotzt huet. Nodeems de Lazzari an der 23. Minutt an de Strofraum gezu war, huet hien de Ball eriwwer op den Alberto geluecht an deen huet dat ronnt Lieder souverän an de lénken Eck gesat. Domadder stoung et 2:0 fir Lazio Roum. D’Roma huet sech bis d’Paus ëm eng Äntwert beméit, ma ass dës schëlleg bliwwen.
An den zweete 45 Minutten huet sech d’Ekipp ronderëm den Immobile hannendra gestallt an op Kontere gelauert. Dëst huet et dem AS Roum nach méi schwéier gemaach. De Sak zougemaach huet um Enn den Alberto an der 67. Minutt mat sengem zweete Gol. De Match ass dann och no 90 Minutte mam 3:0 fir d’Lokalekipp op en Enn gaangen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Montpellier - AS Monaco 2:3
0:1 Volland (24'), 0:2 Ben Yedder (35'), 0:3 Ben Yedder (61', Eelefmeter), 1:3 Wahi (64'), 2:3 Delort (69')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga