
An England ass iwwerdeems aus Respekt virun der Queen de ganze Spilldag an der Premier League annuléiert ginn. Wéini d’Matcher nogeholl ginn, steet bis ewell nach net fest. Och eng sëlleg Lëtzebuerger Nationalspiller waren am Asaz, den Iwwerbléck fannt dir hei.
FC Köln - Union Berlin 0:1
0:1 Hübers (Selbstgol, 4')
Nodeems béid Ekippen ënnert der Woch am Europapokal am Asaz waren, stoung de Bundesliga-Alldag um Programm. An et huet keng 4 Minutte gedauert, éier Unioun duerch een ofgefälschte Schoss vum Hüber per Selbstgol mat 1:0 a Féierung gaangen ass. Kuerz dorop hätt de Siebatcheu per Eelefmeter de Score kéinten op 2:0 setzen, säi Schoss sollt awer vum Schwäbe paréiert ginn. Köln huet wuel alles versicht, mee no der Giel-Rouder-Kaart vum Kilian an der 81. Minutt sollt et net méi einfach ginn. Union ka sech um Enn mat 1:0 zu Köln duerchsetzen a steet mat 14 Punkten op der 1. Plaz an der Tabell.
SC Freiburg - Borussia Mönchengladbach 0:0
Freiburg a Gladbach trennen sech virun allem no enger intensiver éischter Hallschent mat 0:0. Virun allem de Flekken am Freiburger Gol huet géint den Hofmann an den Thuram Freiburg am Match gehalen. Déi zweet Hallschent war offensiv vu béiden Ekippe méi roueg, sou dass Freiburg mam 0:0 elo op der 2. Plaz an der Tabell steet, 2 Punkten hannert Union Berlin. An der 82. Minutt ass iwwerdeems de Lëtzebuerger Nationalspiller Borges Sanches fir den Ngoumou bei Mönchengladbach agewiesselt ginn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Atalanta Bergamo - US Cremonse 1:1
1:0 Demiral (74'), 1:1 Valeri (78')
Atalanta Bergamo ass géint den Opsteiger Cremonse trotz Féierung net iwwert ee Gläichspill eraus komm, a muss esou d’Spëtzt an der Tabell un Neapel ofginn. Atalanta steet no 6. Spilldeeg elo op der 2. Plaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
SCO Angers - HSC Montpelier 2:1
0:1 Nordin (7'), 1:1 Hunou (9'), 2:1 Boufal (69')
FC Lorient - FC Nantes 3:2
0:1 Ganago (13'), 1:1 Ouattara (19'), 2:1 Cathline (60'), 3:1 Kone (74'), 3:2 Simon (85')
Lorient ka sech no fréiem Réckstand an enger ënnerhalsamer 2. Hallschent mat 3:2 géint Nantes duerchsetzen a bleift domat op der 4. Plaz an der Tabell.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Real Madrid - RCD Mallorca 4:1
0:1 Muriqi (35'), 1:1 Valverde (45+3'), 2:1 Vinicius Junior (73'), 3:1 Rodrygo (89'), 4:1 Rüdiger (90+3')
Ouni de verletzte Karim Benzema louch Real Madrid tëschenzäitlech mat 0:1 a Réckstand. Et war quasi den éischte richtege Schoss op de Gol vun de Gäscht. An der Nospillzäit vun der 1. Hallschent ass de Kinneklech dunn de wichtegen Ausgläich gelongen. Alles an allem huet sech Real Madrid mat der kompakter Defense vu Mallorca immens schwéier gedoe fir sech gutt Chancen eraus ze spillen. An der 73. Minutt huet de Vinicius Junior Real dunn erléist. De Rodrygo an de Rüdiger hunn fir d’Schlussresultat gesuergt. Real ass domat weider 1. an der Tabell, 2 Punkte viru Barcelona.