
Et kann een gespaant sinn, ob de Fusiounsveräin vu Péiteng déi gutt Leeschtung vun der leschter Saison ka confirméieren an deemno nees europäesch sinn. Et war zanter de Reprise Mëtt Juni awer net alles esou positiv. Als éischt huet hiren Top-Spiller Artur Abreu sech schwéier blesséiert a leschten Donneschdeg huet och hiren Trainer Cyril Serredszum d’Handduch aus gesondheetleche Grënn misse geheien. Elo emol huet de Co-Trainer Ismael Bouzid dat sportlecht Soen.
De Grupp huet dat awer alles zimmlech gutt ewechgestach, wéi de Vize-President Pascal Wagner confirméiert. De ganze Grupp war als éischt emol erféiert, ma den Dag drop hätt een e Match gehat an do hätt sech dat ganz schonn nees berouegt.
Um Niveau vum Kader war e grousst Duercherneen an esou gëtt elo emol versicht, en homogene Grupp ze forméieren, deen awer ganz kloer Ambitiounen huet. Am Sport wéilt een ëmmer probéieren, sech par Rapport zum Joer virdrun ze verbesseren an deemno wier och dëst Joer nees d’Zil, an d’Top-5 eranzekommen, erkläert de Pascal Wagner.
Mat Stroossen kënnt um 1. Spilldag e ganz onbequem Géigner. Déi Stroossener hu sech mëttlerweil an der ieweschter Divisioun etabléiert an dat soll dës Saison net anescht sinn, esou den Trainer Manuel Correia. Et wier een op deem Wee, deen ee sech virun 2 ginn hätt.
Bei der Una hunn e puer wichteg Spiller d‘Ekipp verlooss, mä mat ënner aneren Natami a Weirich konnten um Lëtzebuerger Marché interessant Spiller rekrutéiert ginn. Et muss elo emol nach eng geschlossen Ekipp forméiert ginn. Et hätt een awer verschidde Piliere verluer, ma et hätt ee se awer sportlech gesi kënnen ersetzen, mengt de Manuel Correia.
Ob de Manuel Correia da schonn déi richteg Mëschung fonnt huet, dat gi mir e Samschdeg vun 19 Auer aus u gewuer.
BGL Ligue - Virschau (1): Munneref géint HueschtertBGL Ligue - Virschau (2): FC Wolz 71 géint Etzella EttelbréckBGL Ligue - Virschau (3): Victoria Rouspert géint RodangeBGL Ligue - Virschau (4): RM Hamm Benfica géint F91 Diddeleng