
E Samschdeg den Owend war et d’Suite vum 1. Spilldag an der Futtball-Nations League. Gespillt gouf an de Ligen A, C an D.
An der Liga A stoungen e puer interessant Matcher um Programm. Ënner anerem stoungen sech Island an England géinteniwwer an dëst war e ganz enke Match mee England wënnt duerch e Gol vum Sterling an der 91. Minutt.
Ausserdeem ka sech Frankräich mam nämlechte Resultat géint Schweden duerchsetzen duerch eng flott Eenzelaktioun vum Mbappé. Portugal klappt Kroatien héichverdéngt mat 4:1 duerch Goler vum Cancelo, Jota, Joao Felix an André Silva. Dem Petkovic ass an der Nospillzäit nach den Éieregol gelongen.
Och d’Belsch gëtt sech keng bléis a wënnt mat 2:0 géint Dänemark duerch Goler vum Denayer a Mertens.
An der Liga C konnt sech Nordmazedonien mat 2:1 géint Armenien duerchsetzen an Georgien klappt Estland verdéngt mat 1:0.
An der Liga D sinn déi zwee Futtballzwergen Gibraltar a San Marino openeegetraff an do konnt sech d’Heemekipp mat 1:0 duerchsetzen.
Island - England 0:1
Dänemark - Belsch 0:2
Portugal - Kroatien 4:1
Schweden - Frankräich 0:1
Nordmazedonien - Armenien 2:1
Estland - Georgien 0:1
Gibraltar - San Marino 1:0