
De Weltmeeschter Vincent Kriechmayr war och zu Saalbach-Hinterglemm an Éisträich bei der Descente net ze klappen. Den Éisträicher konnt als Éischten op d’Streck goen an hat direkt eng Zäit virgeluecht, déi keen ënnerbidde konnt. U sech sollte dëse Weekend zu Kvitfjell a Norwegen ofgehale ginn, ma duerch d’Corona-Restriktioune war dat net méiglech. Um Enn hat de Kriechmayr 17 Honnertstel Avance op de Schwäizer Beat Feuz, Drëtte gouf de Matthias Mayer, deen och aus Éisträich kënnt.
Bei den Damme stoung iwwerdeems zu Jasna an der Slowakei ee Slalom um Programm. Nodeems d’Petra Vlhova nom éischte Laf nach a Féierung louch, goung et fir d’Slowakin um Enn awer net duer, fir eng Victoire a sengem Heemechtsland ze feieren. No engem formidabelen zweete Laf konnt d’Mikaela Schiffrin d’Lokalmatadorin nach un der Spëtzt ofléisen, dat mat 34 Honnertstel op déi zweete Plaz koum. Drëtt gouf d’Schwäizerin Wendy Holdener. Am General bleift d’Lara Gut-Behrami iwwerdeems un der Spëtzt.