DFB-PokalWaldhof Mannheim mam Deville trëfft op Eintracht Frankfurt

RTL Lëtzebuerg
De Leandro Bareiro an de Florian Bohnert erwaarden och een Derby. Mainz muss nämlech um Betzenberg géint Kaiserslautern untrieden.
© pressphoto (Archiv)

D’Saison 2018/2019 ass kaum op en Enn gaangen, scho steet déi nächst virun der Dier. E Samschdeg den Owend gouf an Däitschland déi éischte Ronn vun der Coupe ausgeloust.

E grousst Lous huet Energie Cottbus aus der 3. Liga gezunn, si kréien et nämlech mam Titelverdeedeger Bayern München ze dinn. Borussia Dortmund kritt et mat Uerdingen ze dinn. Beim KFC spillt mëttlerweil de fréiere BVB-Profi Kevin Großkreuz.

Da kënnt et an der 1. Ronn awer och zu e puer Derbyen: Kaiserslautern kritt et mat Mainz, der Ekipp vum Leandro Bareiro an dem Florian Bohnert, ze dinn, VfB Lübeck huet St. Pauli op Besuch a Waldhof Mannheim mam Lëtzebuerger Maurice Deville kritt et mat Eintracht Frankfurt ze dinn. Donieft spillt de Karlsruher SC mam Dirk Carlson géint Hannover 96.

Déi éischt Ronn vum DFB-Pokal ass vum 9. bis den 12. August. Déi zweete Ronn gëtt den 29. an den 30. Oktober gespillt. D’Aachtelsfinalle sinn de 4. a 5. Februar 2020, d’Véierelsfinallen den 3. a 4. Mäerz 2020, Halleffinallen den 21. an 22. Abrëll 2020 an d’Finall ass den 23. Mee 2020 zu Berlin.

De Iwwerbléck vun de Partien

SSV Ulm - 1. FC Heidenheim
1. FC Magdeburg - SC Freiburg
VfL Osnabrück - RB Leipzig
Wacker Nordhausen - Erzgebirge Aue
VfB Eichstätt - Hertha BSC Berlin
VfB Lübeck - FC St. Pauli
SC Verl - FC Augsburg
FC Ingolstadt - 1. FC Nürnberg
Viktoria Berlin - Arminia Bielefeld
SV Drochtersen/Assel - FC Schalke 04
1. FC Saarbrücken - Jahn Regensburg
Hansa Rostock - VfB Stuttgart
SV Wehen Wiesbaden - 1. FC Köln
FC Oberneuland - Darmstadt 98
MSV Duisburg - Greuther Fürth
Karlsruher SC - Hannover 96
Energie Cottbus - FC Bayern München
KSV Baunatal - VfL Bochum
FC 08 Villingen - Fortuna Düsseldorf
TuS Dassendorf - Dynamo Dresden
Alemannia Aachen - Bayer Leverkusen
Waldhof Mannheim - Eintracht Frankfurt
Chemnitzer FC - Hamburger SV
SV Sandhausen - Borussia Mönchengladbach
KFC Uerdingen - Borussia Dortmund
SV Atlas Delmenhorst - Werder Bremen
Hallescher FC - VfL Wolfsburg
SV Rödinghausen - SC Paderborn
1. FC Kaiserslautern - FSV Mainz 05
VfB Germania Halberstadt - 1. FC Union Berlin
FSV Salmrohr - Holstein Kiel
Würzburger Kickers - TSG 1899 Hoffenheim

Back to Top
CIM LOGO