Onrou zu HesperWeider Onzefriddenheet bei de Spiller vum Swift Hesper

RTL Lëtzebuerg
RTL-Informatiounen no sollen d'Spiller hir Paien vum September nach net kritt hunn an déi ganz Ekipp huet doropshin um Freideg net trainéiert.
© pressephoto (Archiv)

D’Onzefriddenheet bei der Spiller vum Swift Hesper ass och elo an der Kompetitiounspaus nach ëmmer grouss. Virun engem Mount hate mir Iech jo schonn dovu bericht, datt si am Oktober d’Paieë vum August nach net kruten. Eisen Informatiounen no, sollen d’Spiller lo nach ëmmer op hire Primmen vun deem Mount waarden. D’Salairen vum September sollen och nach net bezuelt sinn. An enger Woch falen déi vum Oktober dann schonn un. Den Dan Theis, deen als Trainer fräi gestallt ass, géif och nach ëmmer op seng Suen waarden. Leit vum Staff häten hir Opstigsprimen och nach net kritt. Wéi gesot, eisen Informatiounen no haten d’Spiller es elo nees genuch, an d’ganz Equipe huet gëscht dunn net trainéiert.

Back to Top
CIM LOGO