Lëtzebuerger Futtballer am AuslandYvandro Borges gouf bei héijer Victoire vun Almelo agewiesselt

RTL Lëtzebuerg
8:2 huet sech d’Ekipp vum Lëtzebuerger um Sonndeg duerchgesat. An der 2. Bundesliga ass et fir de Mathias Olesen an den Eldin Dzogovic net gutt gelaf.
© Foto von PETER LOUS / NURPHOTO / NURPHOTO VIA AFP

An der 1. hollännescher Liga huet Heracles Almelo eng héich 8:2-Victoire géint Zwolle gefeiert. Den Yvandro Borges gouf an der 68. Minutt beim Stand vu 7:1 agewiesselt. An der Tabell läit een zwar nach op der leschter Plaz, nom 2. Succès vun der Saison konnt een de Réckstand op déi Ekippe virdru verkierzen.

Beim 1:1-Remis tëscht Rzeszow a Pogoń Siedlce a Polen stoung de Sebastien Thill déi 90 Minutte fir d’Heemekipp um Terrain. De Mëttelfeldspiller krut an der 79. Minutt déi giel Kaart gewisen. An der Tabell läit Rzeszow den Ament op der 8. Plaz.

An der 2. däitscher Bundesliga gouf et fir d’Lëtzebuerger zwou Defaiten. De Mathias Olesen huet mat Fürth 1:2 zu Paderborn verluer. De Mëttelfeldspiller stoung vun Ufank un um Terrain a gouf an der 73. Minutt beim 0:2 ausgewiesselt. Den Eldin Dzogovic souz bei der 0:2-Néierlag vu Magdeburg zu Bochum de ganze Match op der Bänk. Fürth rëtscht no der Defaite op d’Relegatiounsplaz 16, Magdeburg bleift um Wupp vun der Tabell.

De Seid Korac huet mat Venedeg an der Serie B zu Catanzaro eng 1:2-Néierlag agestach. Den Ofwierspiller souz de ganze Match iwwer op der Bänk.

A Serbien huet sech Novi Beograd mam Olivier Thill 3:1 zu Vojvodina behaapt. De Lëtzebuerger hat seng Faarwen no 18 Minutten a Féierung bruecht. Den 2:0 sollt an der 78. Minutt falen. D’Heemekipp huet sech net geschloe ginn a konnt kuerz drop verkierzen. Novi Beograd huet an der 86. Minutt mam 3:1 alles kloer gemaach. Den Thill gouf an der 90. Minutt ausgewiesselt.

Den Iwwerbléck vun de grousse Ligen am internationale Futtball fannt Dir hei.

Samschdeg

De Laurent Jans, dee seng Ekipp als Kapitän op den Terrain gefouert huet, feiert an der Challenger Pro League an der Belsch mat Beveren eng 2:1-Victoire géint déi zweet Ekipp vum FC Brügge. Dobäi stoung de Kapitän vun der Nationalekipp wéi gewinnt iwwer 90 Minutten um Terrain. Beveren spillt bis dato eng impressionant Saison. Vun 12 gespillte Matcher huet een da bis elo 11 gewonnen, dat bei engem Remis.

An der Bundesliga huet St. Pauli géint Gladbach näischt ze radette gehat a kennt beim 0:4 ënnert d’Rieder. An der 27. Minutt hat den Danel Sinani eng gutt Chance, säi Schoss aus ronn 22 Meter sollt awer knapp laanscht de Potto goen. Weider gutt Aktioune sollten net dobäi kommen, de Lëtzebuerger gouf wéi och déi aner Offensivspiller Pereira Lage an Oladapo Afolayan an der Paus ausgewiesselt. Den Detail vum Match fannt dir hei.

De Marvin Martins huet an der Super League an der Schwäiz mam FC Winterthur 4:2 géint Servette Genf gewonnen. De Martins stoung de ganze Match um Terrain. Fir Winterthur war et um 12. Spilldag déi 1. Victoire an dëser Saison. Et steet ee mat elo 6 Punkten awer weider op der leschter Plaz an der Tabell.

An der 2. Liga an Éisträich huet St. Pölten de Spëtzematch mat 0:2 géint den Florisdorfer AC verluer. Den Dirk Carlson huet d’Lokalekipp als Kapitän ugefouert, konnt Néierlag géint den drëtten an der Tabell awer och net verhënneren. An der 51. Minutt krut de FLF-Nationalspiller déi Giel Kaart gewisen. St. Pölten bleift trotz der zweeter Néierlag an dëser Saison weider op der 1. Plaz.

An der Hollännescher Eredivisie huet Breda um 11. Spilldag 1:0 géint Ahead Eagles gewonnen. Den Enes Mahmutovic ass bei der Lokalekipp an der 85. Minutt agewiesselt ginn.

A Saudi Arabien spillen Al Khaleej mam Anthony Moris an Al-Ittihad FC an engem rasantem Match 4:4-Gläich.

Freideg

Aus 11 Matcher huet Bastia an der franséischer Ligue 2 nëmme 4 Punkte konnten huelen. Doropshi gouf ënnert der Woch hiren Trainer Benoît Tavenot entlooss. D’Ekipp mam Lëtzebuerger Florian Bohnert huet um Freideg den Owend no enger turbulenter Woch um Terrain eng Reaktioun gewisen, a setzt sech virun eegene Supportere mat 1:0 géint Clermint Foot duerch. Den Nationalspiller Florian Bohnert stoung vun Ufank un um Terrain a gouf beim Stand vun 0:0 an der 54. Minutt ausgewiesselt. Trotz der Victoire bleift Bastia weiderhin op der leschter Plaz an der Tabell, mat elo 7 Punkten.

An der Bundesliga huet sech den FC Augsburg mat 0:1 géint Dortmund geschloe ginn. Den Aiman Dardari stoung net am Kader vun der Ekipp vum Sandro Wagner, déi no der Néierlag weider an der Kris bleiwen, iwwerdeems de BVB elo 20 Punkten no 9 Matcher um Konto huet.

(02.11.2025) Den Iwwerbléck vum internationale Futtball: Last-Minute-Succès fir Inter, Hamburg verléiert zu Köln

Back to Top
CIM LOGO