
Den TAS huet nämlech decidéiert, dass Fraen déi een ze héijen Testosteronspigel hunn, dëse mat Medikamenter mussen erof setzen.
Déi Südafrikanesch Leeferin Caster Semenya hat géint dës Reegel vun der Internationaler Liichtathletik Federatioun Appell gemaach. Dee gouf awer elo vum TAS zeréck gewisen. D'Jugen zu Lausanne hu gesot, dass déi Praxis an enger gewëssener Form diskriminéierend an awer gerechtfäerdegt a verhältnisméisseg wier.
De Maître Marc Theisen, fréieren COSL President, war iwwerrascht wou hien d'Uerteel héieren huet.
D'Caster Semenya huet elo nach d'Méiglechkeet virun de Bundesgerichtshof an der Schwäiz ze goen.