De Scott Thiltges war e Sonndeg beim Regionale Cyclocross zu Dummeldeng dee Stäerksten. De Lëtzebuerger huet sech mat engem Virsprong vun 11 Sekonne virum Fransous Hugo Boulanger duerchgesat. Um Podium stoung mam Arthur Liardet e weidere Fransous. De Lëtzebuerger Champion Vincent dias Dos Santos ass de 4. op 38 Sekonne ginn.
No 2011 heescht de Gewënner domadder zu Dummeldeng eng éischte Kéier net méi Vincent dias Dos Santos.
Bei den Dammen huet d’Marie Schreiber virum Elise Maes an dem Laetitia Maus gewonnen.
Arno Wallenborn heescht de Gewënner bei de Junioren.
Bei den Debutante war um Sonndeg de Mathieu Kockelmann de Beschten.