Cyclissem-WM38. Plaz fir Nina Berton, 49. Plaz fir Loïc Bettendorf an 54. fir Joe Michotte

RTL Lëtzebuerg
Op der Weltmeeschterschaft am Cyclissem zu Harrogate an England koum d'Nina Berton e Méindeg am Contre-la-Montre bei de Juniorinnen op déi 38. Plaz.
© FSCL

D’Lëtzebuergerin hat ee Retard vun 2 Minutten an 18 Sekonnen op d’Gewënnerin Aigul Gareeva aus Russland.

Bei de Juniore kënnt de Loïc Bettendorf op déi 49. Plaz, hien hat ee Retard vu 4 Minutten an 21 Sekonnen op de Gewënner Antonio Tiberi aus Italien. De Joe Michotte gouf de 54. op 4 Minutten a 54 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO