
Iwwer hiwweleg 248 Kilometer ass et e Sonndeg bei der 53. Bretagne Classic - Ouest-France vu Plouay op Plouay gaangen.
Um Enn huet de Belsch Sep Vanmarcke d’Course mat engem Virsprong vun 3 Sekonnen op säi Landsmann Tiesj Benoot gewonnen. Um Podium stoung nach den Australier Jack Haig och op 3 Sekonnen.
De Bob Jungels ass als 63. op 3 Minutten a 55 Sekonnen iwwert de wäisse Stréch gefuer.