Tour de la ProvenceAleksandr Vlasov wënnt Etapp an ass neie Leader, Centrone verléiert vill Zäit

RTL Lëtzebuerg
Déi zweet Etapp vum Tour de la Provence iwwer 175 Kilometer goung vun Aubagne op La Ciotat mat der Arrivée um Sommet.
© Roland Miny / pressphoto.rtl.lu (Archiv)

De Russ Aleksandr Vlasov vum Astana Pro Team konnt sech op der 2. Etapp duerchsetzen an ass elo neie Leader am General. Op d’Plazen zwee an dräi kommen den Hollänner Wilco Kelderman vum Team Sunweb an dem Vlasov säi Co-Ekippier Alexey Lutsenko aus dem Kazakhstan.

Den Ivan Centrone huet op dëser Etapp vill Zäit verluer. De Lëtzebuerger vun der Kontinental Ekipp Natura4Ever-Roubaix Lille Métropole koum mat engem Retard vun 10 Minutten an 23 Sekonnen op déi 116. Plaz an ass elo den 114. am General op 10 Minutten an 33 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO