Tour duerch d'Belsch: 3. EtappAlex Kirsch gudden 8. am Zäitfueren

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg stoung am Tour duerch d'Belsch een Zäitfueren iwwer 9,2 Kilometer um Programm. Gewonnen huet den Tim Wellens.
© pressphoto (Archiv)

De Belsch Tim Wellens huet am Tour duerch d’Belsch d’Zäitfueren iwwer 9,2 Kilometer zu Grimbergen gewonnen. Mat engem Réckstand vun nëmmen 69 Honnertstel ass de Belsch Nathan Van Hooydonck Zweete ginn.

Den Alex Kirsch ass mat engem Retard vun 8 Sekonnen op déi gutt 8. Plaz gefuer.

Am General féiert nach ëmmer de Remco Evenepoel. De Belsch huet e Virsprong vu 57 Sekonnen op den Tim Wllens. Hei ass den Alex Kirsch de 5. op 1 Minutt a 6 Sekonnen.

D’Klassement vun der Etapp

1 Tim Wellens (Bel) Lotto Soudal 0:10:46,51
2 Nathan Van Hooydonck (Bel) Nationalmannschaft Belgien 0:00:00,69
3 Victor Campenaerts (Bel) Lotto Soudal 0:00:02,34
4 Remco Evenepoel (Bel) Deceuninck - Quick Step 0:00:02,63
5 Ryan Mullen (Irl) Trek - Segafredo 0:00:04,29
6 Christophe Laporte (Fra) Cofidis Solutions Crédits 0:00:04,78
7 Matthias Brändle (AUT) Israel Cycling Academy 0:00:06,37
8 Alex Kirsch (Lux) Trek - Segafredo 0:00:08,16
9 Lasse Norman Hansen (Den) Corendon - Circus 0:00:08,47
10 Niki Terpstra (Ned) Total Direct Energie 0:00:11,09

De General

1 Remco Evenepoel (Bel) Deceuninck - Quick Step 8:51:52
2 Tim Wellens (Bel) Lotto Soudal 0:00:57
3 Victor Campenaerts (Bel) Lotto Soudal 0:01:00
4 Christophe Laporte (Fra) Cofidis Solutions Crédits 0:01:03
5 Alex Kirsch (Lux) Trek - Segafredo 0:01:06
6 Toon Aerts (Bel) Telenet Fidea Lions 0:01:17
7 Brent Van Moer (Bel) Lotto Soudal 0:01:18
8 Jasper Philipsen (Bel) Nationalmannschaft Belgien 0:01:18
9 Jelle Wallays (Bel) Lotto Soudal 0:01:19
10 Bryan Coquard (Fra) Vital Concept - B&B Hotels 0:01:28

Back to Top
CIM LOGO