Den Arthur Kluckers vum Tudor Pro Cycling Team huet säin Titel mat Erfolleg verdeedegt. Allerdéngs huet de Jury eng gutt Zäit gebraucht, fir d’Resultat vun der Course ze validéieren. Dëst duerch ee Protest vum Mathieu Kockelmann.
De Champion vum leschte Joer hätt hien am Sprint, wou eng S-Kéier ze fuere war, e puer Meter virum wäisse Stréch behënnert a war direkt no der Arrivée opgeléist an extreem iwwert seng zweet Plaz enttäuscht.
Op dësem net all ze schwéiere Circuit gouf sech am Virfeld e Sprint erwaart. 10 Tier vu Mamer op Holzem, Garnech, Holzem zeréck op Mamer à 15,9 Kilometer ware geplangt. Wéinst der Hëtzt gouf d’Distanz ëm een Tour gekierzt. Direkt hat sech e Grupp vun 10 Coureuren, ouni Favoritten, ofgesat, a sech ganz séier e Virsprong vun 2 Minutten 20 erausgefuer.
Hannendru gouf awer séier reagéiert ënnert dem Impuls vun de Profie wéi mam Bob Jungels un der Spëtzt vun de Verfollger. Bei hallwer Course koum et nom Holzemer zum Regruppement. Vun hei u konnt kee sech decisiv ofsetzen, esou dass d’Decisioun nom 9. Tour am Sprint zu Gonschte vum Arthur Kluckers virum Mathieu Kockelmann an de,Mats Wenzel vun der Ekipp Kern Pharma gefall ass.
Champion bei der Elite ouni Kontrakt gouf de Yannis Lang virum Flavio Astolfi an dem Charel Meyers.