Giro d'Italia: 6. EtappBallerini wënnt zu Neapel, Groenewegen a Milan gefall

RTL Lëtzebuerg
Den Davide Ballerini huet vun enger Chute vun der Sprint-Konkurrenz profitéiert an déi 6. Etapp vum Giro d'Italia gewonnen.
Davide Ballerini feiert Victoire zu Neapel
Davide Ballerini feiert Victoire zu Neapel
© LUCA BETTINI/AFP

Mam Davide Ballerini gouf et en Donneschdeg schonn déi zweet Victoire fir d'Ekipp XDS-Astana bei der 109. Editioun vum Giro d'Italia. Den Davide Ballerini huet sech no den 141 Kilometer zu Neapel virum Jasper Stuyven an dem Paul Magnier duerchgesat.

Den Italieener huet bei senger Victoire vun enger Chute vun der Sprint-Konkurrenz profitéiert. Bei enger technesch schwiereger Arrivée op Pawee war et an der leschter Kéier zu der Chute komm. Den Ufuerer vum Dylan Groenewegen Elmar Reinders war gefall an hat fir weider Chutten am Peloton gesuergt. Betraff waren och d'Sprinter Dylan Groenewegen a Jonathan Milan.

De Rosa Trikot huet de Portugis Afonso Eulalio verdeedegt. Hien huet weiderhin eng Avance vun 2:51 Minutten op de Spuenier Igor Arrieta an 3:34 Minutten op den Italieener Christian Scaroni.

D'Resultat vun der Etapp

1 Ballerini Davide XDS Astana Team 3:19:30

2 Stuyven Jasper Soudal Quick-Step ,,

3 Magnier Paul Soudal Quick-Step ,,

4 Plowright Jensen Alpecin - Premier Tech ,,

5 Turner Ben Netcompany INEOS ,,

6 Segaert Alec Bahrain - Victorious ,,

7 Mozzato Luca Tudor Pro Cycling Team ,,

8 Magli Filippo Bardiani CSF 7 Saber ,,

9 Zanoncello Enrico Bardiani CSF 7 Saber ,,

10 van Uden Casper Team Picnic PostNL ,,

De General

1 Eulálio Afonso Bahrain - Victorious 24:47:13

2 Arrieta Igor UAE Team Emirates - XRG 2:51

3 Scaroni Christian XDS Astana Team 3:34

4 Raccagni Noviero Andrea Soudal Quick-Step 3:39

5 Kulset Johannes Uno-X Mobility 5:17

6 Ciccone Giulio Lidl - Trek 6:12

7 Christen Jan UAE Team Emirates - XRG 6:16

8 Stork Florian Tudor Pro Cycling Team ,,

9 Bernal Egan Netcompany INEOS ,,

10 Arensman Thymen Netcompany INEOS 6:18

Back to Top
CIM LOGO