
Bei der U23-EM op der Pist ass d’Claire Faber an der Punktecourse op déi 10. Plaz gefuer. Gewonne gouf d’Course e Freideg vun der Russin Matalia Studenikina.
Op der U-23 EM ass d‘Claire Faber no der ganz gudder 10. Plaz an der Punkte Course, an der Omnium Course gefall an huet mussen opginn.