Critérium du Dauphiné: 3. EtappDavid Gaudu éischten um Bierg, Geniets gëtt gudde Fënneften

RTL Lëtzebuerg
169 Kilometer stoungen op der drëtter Etapp vum Dauphiné um Programm. Et war e gudden Dag fir d'Formatioun vum Lëtzebuerger Champion.
© Marco BERTORELLO / AFP

Well vu Saint-Paulien op Chastreix-Sancy hat den David Gaudu vun Groupama - FDJ déi beschte Been. Hie war den Éischten uewen op der Kopp, déi als Kategorie 2 gewäert gëtt. Ganzer 27 Coureure waren am éischte Grupp mat dobäi, dorënner och de Lëtzebuerger Champion an Teamkolleeg vum Vainqueur Kevin Geniets, deen de Podium als 5. esou just verpasst huet.

Dës gutt Leeschtung katapultéiert de Lëtzebuerger dann och am Generalklassement wäit no vir. Mat 16 Sekonne Réckstand gëtt hien aktuell als 22. gelëscht an huet de selwechte Réckstand op de Leader Wout van Aert, wéi den aktuell véierte Patrick Konrad.

Critérium du Dauphiné: 3. Etapp
David Gaudu éischten um Bierg, Geniets gëtt gudde Fënneften, Wout van Aert neie Leader.

D’Top 10 vun der Etapp

1 GAUDU David Groupama - FDJ ″ 4:09:38
2 VAN AERT Wout Jumbo-Visma ,,
3 LAFAY Victor Cofidis ,,
4 GUERREIRO Ruben EF Education-EasyPost ,,
5 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
6 SCHULTZ Nick Team BikeExchange - Jayco ,,
7 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious ,,
8 TEUNS Dylan Bahrain - Victorious ,,
9 JORGENSON Matteo Movistar Team ,,
10 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates ,,

D’Klassement no der 3. Etapp

1 VAN AERT Wout Jumbo-Visma 12:50:32
2 GAUDU David Groupama - FDJ 0:06
3 LAFAY Victor Cofidis 0:12
4 KONRAD Patrick BORA - hansgrohe 0:16
5 JORGENSON Matteo Movistar Team ,,
6 GUERREIRO Ruben EF Education-EasyPost ,,
7 CHAVES Esteban EF Education-EasyPost ,,
8 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma ,,
9 CRAS Steff Lotto Soudal ,,
10 O’CONNOR Ben AG2R Citroën Team ,,
...
22 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,

Back to Top
CIM LOGO