Vuelta: 4. EtappDe Primož Roglič gewënnt d'Etapp an ass den neie Leader am General

RTL Lëtzebuerg
Op der véierter Etapp vun der Vuelta ass et nom Roudag vun e Méindeg iwwert 152 Kilometer vu Vitoria-Gasteiz op Laguardia gaangen.
© AFP

Um Enn konnt sech op der hiwweleger Etapp de Slowen Primož Roglič duerchsetzen. Am Sprint behaapt hie sech géint seng Kontrahente Mads Pedersen an Enric Mas. Allebéid fuere se zäitgläich mam 32 Joer ale Slowen iwwert de wäisse Stréch.

De beschte Lëtzebuerger war en Dënschdeg de Bob Jungels. Hie kënnt als 88. mat engem Retard vu 5 Minutten an 58 Sekonnen op der Arrivée un. Den Alex Kirsch gëtt den 136. op 14 Minutten an 13 Sekonnen.

De Primož Roglič gewënnt net nëmmen déi véiert Etapp, mä hien ass och den neie Leader am General. Dëst mat enger Avance vun 13 Sekonnen op den US-Amerikaner Sepp Kuss. Op der drëtter Plaz am General läit den Ethan Hayter mat engem Retard vu 26 Sekonnen. De Bob Jungels ass iwwerdeems de 85. op 7 Minutten a 6 Sekonnen. Den Alex Kirsch ass den 121. mat engem Retard vu 15 Minutten an 8 Sekonnen.

D’Klassement vun der Etapp

1 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 3:31:05
2 PEDERSEN Mads Trek - Segafredo ,,
3 MAS Enric Movistar Team ,,
4 PACHER Quentin Groupama - FDJ ,,
5 SIVAKOV Pavel INEOS Grenadiers ,,
6 O’CONNOR Ben AG2R Citroën Team ,,
7 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers ,,
8 EVENEPOEL Remco Quick-Step Alpha Vinyl Team ,,
9 KELDERMAN Wilco BORA - hansgrohe ,,
10 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe ,,
...
88 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 5:58
136 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 14:13

De General

1 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 11:50:59
2 KUSS Sepp Jumbo-Visma 0:13
3 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers 0:26
4 SIVAKOV Pavel INEOS Grenadiers ,,
5 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers ,,
6 EVENEPOEL Remco Quick-Step Alpha Vinyl Team 0:27
7 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers 0:33
8 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers ,,
9 PEDERSEN Mads Trek - Segafredo 0:34
10 YATES Simon Team BikeExchange - Jayco 0:51
...
85 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 7:06
121 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 15:08

Back to Top
CIM LOGO