CyclissemDen Noé Ury wëllt Profi ginn

Chrëscht Beneke
Am Wanter gëtt d’Basis fir ee gudde Summer geluecht. Dat weess natierlech och den Noé Ury. De jonke Cyclist ass um Sprong fir an de Profisport, ma hat d'lescht Fréijoer Verletzungssuergen. Dëst Joer wëll den 22-Järegen et awer nach emol wëssen.
Den Noé Ury huet sech op der Costa Blanca op déi nei Saison virbereet.

Op der Costa Blanca ass et am Wanter méi roueg. Ma vill Pensionäre profitéiere vun deem méi mëlle mediterrane Klima. An och ëmmer méi Cyclisten iwwerwanteren hei.

Mat kuerzen Ënnerbriechunge präparéiert sech de Noé Ury bal 4 Méint zu Denia. Zesumme mam Pol Breser, ma och den Arno Wallenborn huet eng Woch mat trainéiert. A virum CX-Weltcup zu Benidorm war hie 6 Stonne mam Marie Schreiber ënnerwee. Schonns d’lescht Joer hat sech den Noé Ury hei beschtméiglech op eng professionell Vëloskarriär virbereet an hat souguer ee Kontrakt mam Development-Team vun Ineos. Ma du krut hie Problemer mam Knéi an huet missten operéiert ginn.

Seng eegen Zieler konnt hien 2025 net erreechen. Mat der jonker Nationalequipe hat hien awer eng ganz gutt Saison a wëll et elo nach emol wëssen. A Spuenien fänkt den Dag réischt no 8 Auer mat engem gudde Kaffi un. Et gëtt awer keng Fiesta an och keen Alkohol. Den Noé Ury leet vill Wäert op Liewenshygiène, vill Schlof a gudden Training.

Mat sengem neie Continentalteam Storck MRW wëllt sech de Noé Ury op der Strooss a besonnesch bei der Flèche du Sud weisen. Am Gravel ass d’WM am Oktober an Australien dann dat grousst Ziel.

Back to Top
CIM LOGO