Tour de LombardieDen Tadej Pogačar behaapt sech am Sprint virum Enric Mas

RTL Lëtzebuerg
De Podium gëtt komplettéiert vum Spuenier Mikel Landa.
© AFP

E Samschdeg de Mëtteg ass et bei der 116. Editioun vum Tour de Lombardie iwwer 253 Kilometer vu Bergamo op Como an Italie gaangen. Et war iwwerdeems och déi leschte Course an de Karriäre vum Alejandro Valverde an dem Vincenzo Nibali.

Scho fréi hat sech eng Echappée mat 10 Coureuren ofgesat, ronn 70 Kilometer virun der Arrivée ass dës allerdéngs nees vum Peloton ageholl ginn. 30 Kilometer viru Schluss huet dee sech da gespléckt an et si just nach ronn 30 Coureuren un der Spëtzt iwwreg bliwwen.

E puer Minutten drop waren et dunn den Tadej Pogačar, den Enric Mas an de Mikel Landa, déi sech vum Rescht ofsetze konnten. 6 Kilometer virun der Arrivée huet de Landa du misse lassloossen, sou dass den Duo Pogačar a Mas eleng un der Spëtzt war. Um Enn hat de Spuenier dunn am Sprint keng Chance géint de jonke Slowen, dee fir déi zweete Kéier hannertenee gewënnt. De Landa gëtt den 3. op 10 Sekonnen.

Den Alejandro Valverde gëtt a senger leschter Course de 6., de Vincenzo Nibali de 24.. De Lëtzebuerger Michel Ries ass d’Course iwwerdeems net op en Enn gefuer.

D’Top 10 vun der Course

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 6:21:22
2 MAS Enric Movistar Team ,,
3 MIKEL Landa Bahrain - Victorious +0:10
4 HIGUITA Sergio BORA - hansgrohe +0:52
5 RODRIGUEZ Carlos INEOS Grenadiers ,,
6 VALVERDE Alejandro Movistar Team +1:24
7 MOLLEMA Bauke Trek - Segafredo ,,
8 MOLARD Rudy Groupama - FDJ ,,
9 BARDET Romain Team DSM ,,
10 YATES Adam INEOS Grenadiers +1:26

Back to Top
CIM LOGO