
Op enger gréisstendeels flaacher Etapp vu Périgueux op Bergerac koum et um Enn wéi erwaart zu engem Duell vun de Sprinter. Bei 36 Grad sinn d'Coureuren nees gutt an d'Schweesse komm. An de Stroosse vu Bergerac hat den Tim Merlier op en Neits déi séierst Been a konnt sech am Sprint virum Biram Girmay an dem Olaf Kooij behaapten. Am Generalklassement gëtt et no der aachter Etapp keng gréisser Verännerungen.
Op den 180,4 Kilometer gouf et e puer Echappéeën, mee keng konnt sech bis zum Schluss behaapten. Kuerz nom Tëschesprint zu Saint-Cyprien, wou de Jakub Ortuba knapp virum Liam Slock gewanne konnt, hat sech de Slock eleng op déi lescht 40 Kilometer gemaach. Um Enn sollt et fir de Belsch awer net duergoen, well hie gouf 1,5 Kilometer virun der Arrivée agefaangen. De Peloton hat den Tempo 20 Kilometer viru Bergerac ugezunn, fir d'Avance op de Slock ze reduzéieren. Op de leschten 800 Meter koum et zu engem Duell vun de Sprinter, wou den Tim Merlier dat bessert Enn fir sech hat.
Den Alex Kirsch huet op der aachter Etapp vill fir seng Ekipp geschafft a koum um Enn als 80. an der selwechter Zäit wéi de Gewënner un.
Am Generalklassement bleift alles beim Alen. Den Tadej Pogacar behält seng Avance vun 2'42'' op de Jonas Vingegaard, op säi Coequipier Isaac Del Torro huet de Sloween 3'27'' Virsprong. Den Alex Kirsch schafft sech am General lues a lues no vir an ass elo den 81.