BMXImpressionante BMX-Concours an der Péitruss

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem waren et och 4 international Gréissten, déi de Wee op Lëtzebuerg fonnt haten, fir hire Sport dem Public ze presentéieren.
BMX- eng Sportaart um Virmarsch
Fir de Concours waren 4 international Staren op Lëtzebuerg komm. D’Zil war et de Leit de BMX méi no ze bréngen an se fir dës Sportaart ze begeeschteren.

Um Samschdeg war am Skatepark an der Péitruss e BMX-Concours, wou d’Coureuren hir impressionnant Tricke virum Public weise konnten.

Am Mëttelpunkt stounge mam Fransous Anthony Perrin an den zwee Spuenier Courage Adams a Varo Hernandez ewéi och der Legende Viki Gomez international Gréissten, déi d’Organisateuren op Lëtzebuerg gelackelt kruten.

D’Zil heibäi war et ënnert anerem de Sport méi no un d’Leit ze bréngen an déi Jonk fir de BMX ze motivéieren.

D’Geschicht vum BMX geet zréck an 60er Joren. Deemools war Motocross an den USA immens beléift. Well awer besonnesch Jonker de Motocross praktizéieren wollten, dës awer vill ze deier waren, hunn se hir Vëloen ëmgebaut an esou huet sech nom Motocross, och de Bicycle-Motocross-Sport, och BMX genannt, etabléiert. Weltwäit ass d’Sportaart zu engem Trend ginn.

Back to Top
CIM LOGO