Wat ass richteg?Jempy Drucker, Jempy Printer oder awer Jempy Imprimante?

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Jempy Drucker ass aktuell mat senger Ekipp Cofidis beim Tour de Suisse um Depart. Och de Bob Jungels an den Alex Kirsch si betraff.
Dëst ass e Montage vun den 3 verschiddesproochege Sitte vum Tour de Suisse.
Dëst ass e Montage vun den 3 verschiddesproochege Sitte vum Tour de Suisse.
© Screenshot www.tourdesuisse.ch/tds-2021/teams/cofidis/

D’Organisateure vum Tour de Suisse hunn hire Site op 3 Sproochen iwwersat an dobäi hu si wuel och den Numm vum Lëtzebuerger mat iwwersat.

Um däitsche Site heescht de 34 Joer ale Lëtzebuerger Jempy Drucker, um franséische Site heescht e Jempy Imprimante an um englesche Site heescht hie Jempy Printer. Do war den Auto-Translate wuel mat um Wierk. E klengen awer lëschtege Feeler.

An och beim Bob Jungels gouf et Problemer anscheinend. Um franséische Site heescht hie Bob Jeune an um englesche Site Bob Young.

© Screenshot www.tourdesuisse.ch/tds-2021/teams/cofidis/

Den Alex Kirsch ass dovunner natierlech net ausgeschloss. Deen heescht nämlech um franséischen an englesche Site Alex Cherry.

© Screenshot www.tourdesuisse.ch/tds-2021/teams/cofidis/

Back to Top
CIM LOGO